Allocution de Lydia Mutsch à l’occasion du symposium Saar-Lor-Lux

©MSAN
Lydia Mutsch lors de son discours

L’EMOTION DANS TOUS SES ETATS - DIE EMOTIONEN IN ALL IHREN FACETTEN  

Et ass mir eng grouss Freed fir de Mëtten op dësem Saar-Lor-Lux-Symposium iwwert d ’“Emotiounen an all hire Facetten” dobäi ze sinn.

Fir unzefänken, wollt ech iech all e ganz grousse Merci soen dass dir hei sidd a fir ären Engagement beim Programm vun dësem Nomëtten.

Merci awer och den Organisateuren an de Grënner vun dësem Symposium, souwéi all deenen déi sech an der alldeeglecher Praxis fir Persounen mat psycheschen oder  - méi speziell Thema-gerecht zum heitegen Dag - fir Menschen mat emotionalen Problemer, asetzen.  

Wéi ech virun dräi an engem hallwe Joer d’Funktioun vun der Gesondheetsministesch iwwerholl hunn, hunn ech mech, meng Beroder an meng Mataarbechter gefrot, wéi dann prinzipiell eng gutt an beschtméiglech Gesondheet soll ausgesinn, fir eis Erwuessener awer haaptsächlech och fir eis Kanner an Enkelkanner. An ech hunn Villes fonnt, op deem ech opbauen konnt.

Dëst huet mech zouversiichtlech fir d‘Zukunft gemaach.

Weiderhin hunn ech och den Privileg krit, eist Land mat den Aen vun Aneren ze gesinn. Bei sou munchen Reesen an d’Ausland, hunn ech den Respekt, heiansdo souguer d‘Bewonnerung erlieft, déi onsem Gesondheetssystem entgéint bruecht ginn; esou z.B. d‘lescht Woch zu Genève  op der Weltgesondheets- Assemblée, déi dëst Joer ënnert dem Thema vun der Ëmsetzung vun den beschten Gesondheetssystemer am Zäitalter vun der nohalteger Entwécklung stoung. 

No  dräi an engem hallwe Joer, weess ech awer och dat mir net däerfe raschten. Et kënnt nach vill Aarbecht op eis duer an et sinn nach grouss Ustrengungen néideg, fir eise Gesondheetssystem nach méi performant ze maachen.

Dofir well ech haut net nëmmen froen: wéi soll den beschtméiglechen Gesondheetssystem ausgesinn? mee och: Wat kënne mir eisen nächsten Generatiounen matginn, fir datt et hinnen gesondheetlech gutt geet?

An dësem Sënn hu mir an den leschten Joeren verschidden national Aktiounspläng, wéi z.B. den Antitubaksplang, den Kriibsplang, awer och den Suizidpräventiounsplang opgestallt.

Dat neit Spidolsgesetz soll iwwert déi nächst 10 Joeren d’Jalonen setzen. An eist Psychotherapeuten-Gesetz kritt geschwënn 2 Joer.  

Op der leschter nationaler Gesondheetskonferenz hate mir als Thema e.a. Healthy Living: vers un plan national santé. An dësem nationalen Gesondheetsplang ass eist Ziel, de Bierger z’erméiglechen an engem gudden Gesondheetszoustand al ze ginn – dëst selbstverständlech net ënner egal wéi enge Bedingungen, mee ënnert gudden Bedingungen.

An och wann eis am Moment déi chronesch somatesch Krankheeten ganz staark beschäftegen, wéi Häerzkreeslafstéierungen, Kriibs, Longekrankheeten, Iwwergewiicht oder d’Zockerkrankheet, däerfen mir op kee Fall d’Krankheeten vergiessen déi mat der psychescher Gesondheet ze dinn hunn.  

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet dofir viru kuerzem d’Thema vun der Dépressioun op d’Agenda bruecht: déi nei Entwécklungen sinn alarmant! Am Kader vun der Dépressioun gëtt eng positiv Liewensopfassung op eng haart Prouf gestallt. Deen, deen net méi ouni Problemer funktionéiert an an der Aarbechtswelt seng Plaz behalen wëll, kritt zwangsleefeg Problemer. 

Op mer traureg sinn oder frou, d ‘Emotiounen oder d ‘Gefiller kommen an ënnerschiddleche Situatiounen an eis op, ouni dat mir aktiv eppes dozou musse bäidroen, ob mer also wëllen oder net. Dacks emfanne mer Freed, Roserei, Traueregkeet oder Begeeschterung, ouni datt mir den Ausléiser richteg kennen definéieren.

Et stëmmt schonn dat d ‘Emotiounen fir vill Leit e grousst Geheimnis sinn, well se eist psychescht Emfannen souwéi eist bewosst Denken oder Handelen bestëmmen, ouni dat mir se aktiv steieren.

D’Muecht déi dës Emotiounen kënnen hunn, spillen an enger rationaliséierter Welt, wou d’Gesellschaft an éischter Linn op analytescht Denken oder Vernunft ausgeriicht ass, ëmmer méi eng grouss Roll. Vill Leit reagéieren op pragmatesch, wëssenschaftlech Progrès ‘en, andeem se méi bewosst op hir Emotiounen oppassen, an déi als onfeelbar Beroder an alle Liewenssituatiounen deiten – wat och emol ka schief goen!

Ouni Zweiwel spillen och d‘Emotiounen eng Roll bei den Décisiounen déi mir huelen, wéi mir mat eise Matmënschen ëmginn, an wéi mir dat alldeeglecht Liewen meeschteren. Kee kéint eng erfollegräich an zefriddestellend Existenz féieren, wann en sech ausschliisslech op saïn Verstand géif verloossen an seng Intuitioun an Emotiounen géif komplett ignoréieren.

Kee Mënsch kéint adäquat zwëschemënschlech Bezéiungen féieren, sech an e soziaalt Ëmfeld integréieren oder a sengem Beruff déi erwaarte Leeschtungen bréngen, wann net e gewëssend Moos u Gefiller all Entscheedung géif mat bestëmmen.

Och  wann extrem Gefiller eist soziaalt Liewen an sou munchen Situatiounen aussergewéinlech positiv beaflossen kënnen, sinn se net seelen och dofir verantwortlech dat d‘Mënschen d‘Kontroll iwwert hiert Liewen verléieren. Emotiounen déi am Extremfall net kontrolléiert kënne ginn, kënne dozou féieren dat d ‘Mënschen zu Aktiounen gräifen oder gräifen mussen, déi se an existenziell Krisen féieren, déi der Gesellschaft schueden oder d ‘Liewen vun Aneren menacéieren.

A méi engem klenge Moss, reagéieren Mënschen, Erwuessener awer och Kanner oder Jonker, op Stresssituatiounen, wéi eng Prüfung oder e Virstellungsgespréich beispillsweis, mat Bauchwéi. Et kann ee also scho soen datt eise Kierper oder eist Gehir, mat sengen Emotiounen an all sengen Zoustänn (wéi den Titel vum Nomëtten et seet) kann sinn. 

Eis Welt verännert sech stänneg. Mir mussen drop vertrauen kënnen datt mir e Gesondheetssystem op d’Been stellen, deen de Bierger hëlleft oder si ënnerstëtzt fir mat dëse grousse Verännerungen Schratt ze halen, esou dat si net vun dësen iwwerwältegt ginn.

Mir mussen och bannent eisem Gesondheetssystem iwwerzeegend Äntwerten fannen a proposéieren, géintiwwer de gesellschaftlechen Entwécklungen, wéi och op der digitaler Revolutioun déi an der nächster Zäit esou gutt wéi all Liewens-Beräicher wäert beaflossen.

Schratt ze halen mat der Realitéit ass an Zäiten vun rasante Verännerungen natierlech och eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Regierung.

Ech erliewen ganz vill Ënnerstëtzung, an dëst op allen Niveauen, vum Terrain ganz besonnesch bis an d ‘Regierung, fir eise gudde Gesondheetssytem nach besser opzestellen, a vill Ideeën an Initiativen fir di gesellschaftlech Verännerungen strategesch mat ze entwéckelen.   Dofir mussen mer wäitsiichteg Denken, an och wäitsiichteg Handelen.

An dësem Sënn, soen ech grousse Merci allen Intervenant ‘en vun haut, déi eis bei dësem Denken an Handelen, mat wéineg oder méi Emotiounen begleeden, a wënschen eis all en interessanten an gefillsräichen Nomëtten.

Communiqué par le ministère de la Santé

Dernière mise à jour