Kampf géint de Kriibs

Bloe Mäerz

Bloe Mäerz: e Mount am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs

Am Kader vum "Bloe Mäerz": e Mount am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs, erneiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet seng Campagne: " Daarmkriibs – Den Test maachen, heescht all d'Chancen op senger Säit ze hunn".

Fir dës Krankheet besser ze bekämpfe bleift d'Zil onverännert: de Participatiounstaux um nationalen Daarmkriibs-Fréierkennungsprogramm erhéijen, dee vum Centre de Coordination des Programmes de Dépistage des Cancers vum Ministère fir Gesondheet organiséiert gëtt.

Weider Informatioune fannt Dir ënner sante.lu/cancercolorectal.

Aktualiséiert