Maison médicale

Bevir Dir an d'Urgence gitt, denkt un d'Maison médicale!

D'Zil vun der Campagne "Bevir Dir an d'Urgence gitt, denkt un d'Maison médicale!" ass et d'Urgencen ze entlaaschten an deem schnell an op d'Besoine vun de Patienten ugepasste Léisunge proposéiert ginn.

D'Maison médicale bitt eng adaptéiert Alternative fir Patienten, bei deenen de Gesondheetszoustand keng Noutbehandlung erfuerdert. Si si speziell equipéiert an hu qualifizéiert medezinescht Personal fir eng effektiv Behandlung vu manner schwéiere Fäll ze garantéieren.

D'Kommunikatiounscampagne gëtt och iwwer d'sozial Netzwierker verbreet. D'Informatiounsmaterial, dat op der Internetsäit sante.lu, erofgeluede ka ginn, gëtt och an de Cabinete vu Generalisten an an den Apdikte verdeelt.

Aktualiséiert