Europäeschen Dag vun de Rechter vun de Patienten "D'Rechter an d'Flichte vum Patient am Mëttelpunkt vun de gemeinsamen Iwwerleeunge vun den Acteuren aus dem Gesondheetswiesen!"

Seng jeeweileg Rechter a Flichte kennen ass fir jidderee wichteg.

D'Gesetz vum 24. Juli 2014 iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient

Den 18. Abrëll ass den europäeschen Dag vun de Rechter vum Patient Et ass virun allem eng Geleeënheet fir drun ze erënneren, datt all Patient zu Lëtzebuerg iwwer gewësse Rechter verfüügt, déi am geännerte Gesetz vum 24. Juli 2014 iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient festgeluecht sinn. 2024 feiert dëst Gesetz säin 10. Joresdag.

Zesumme mat de Prinzippie vun der Solidaritéit an engem gläichberechtegten Zougang zu Gesondheetsdéngschtleeschtunge sinn d'Rechter an d'Flichte vum Patient d'Häerzstéck vun eisem Gesondheetssystem. Di wichtegst Rechter vum Patient sinn déi follgend:

  • Gläichberechtegten Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Gesondheetsversuergung;
  • D'Recht säi Gesondheetsprestataire fräi kënnen ze wielen;
  • D'Recht op eng Begleedung;
  • D'Recht iwwert säi Gesondheetszoustand informéiert ze ginn;
  • D'Recht seng Behandlung ze akzeptéieren, ze refuséieren oder mam Prestataire iwwer seng Prise en Charge ze entscheeden;
  • D'Recht op e Patientendossier an op den Zougrëff dorobber;
  • D'Recht op Confidentialitéit an d'Anhale vun der Schweigeflicht;
  • D'Recht eng Vertrauenspersoun ze bestëmmen;
  • D'Recht sech am Viraus iwwer seng Gesondheetsversuergung an enger Patienteverfügung oder enger Stierfverfügung ze äusseren;
  • D'Recht ze kloen a sech un de Mediatiounsdéngscht vun der Santé ze wenden.

Zu dëse Rechter kommen d'Flichte vun de Patienten dobäi, besonnesch d'Flicht zur Kooperatioun an der Gesondheetsversuergung duerch eng transparent Zesummenaarbecht an eng éierlech Kommunikatioun mam Prestataire, esou wéi déi allgemeng d'Flicht d'Rechter vun de Prestataire an vun den anere Patienten ze respektéieren. Weider Informatioune sinn ënner anerem um Site vum Mediateur vun der Santé ze fannen: www.mediateursante.lu.

Allgemeng bekannte Rechter a Flichten

Dat éischt vun de Rechter esouwuel fir de Patient, wéi och fir d'Personal aus dem Gesondheetswiesen ass d'Recht seng Rechter ze kennen. Zéng Joer nom Vott vum Gesetz iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient huet eng aktuell Ëmfro an de Spideeler erginn, datt d'Rechter an d'Flichten allgemeng bekannt sinn, wat eng erfreelech Noriicht ass. Weider Detailer zu der Ëmfro déi 2023 vun der Féderation des hôpitaux luxembourgeois (FHL) an hire Memberen duerchgefouert ginn ass, kënnt Dir hei noliesen: www.droitsdupatient.lu. 2024 soll dës Ëmfro dank dem Engagement vun der COPAS a senge Memberen, am Beräich vun der Hëllef an der Fleeg doheem, den Ariichtunge fir Senioren an den Institutioune fir Mënsche mat enger Behënnerung vervollstännegt.

Och wann d'Resultater vun der FHL-Ëmfro duerchaus positiv sinn, bleift de Sujet vun de Rechter an de Flichte vun de Patienten um Programm vun 2024 an doriwwer eraus aktuell.

En ofwiesslungsräiche Programm fir dat ganz Joer 2024!

Save the date: 11. & 12. Dezember 2024, European Convention Center Luxembourg.

11. Dezember 2024: Feier zum zéngte Joresdag vum Gesetz iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, de Cercle des associations de patients (CAPAT), d'Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL), d'COPAS-Federatioun an de Mediatiounsdéngscht vun der Santé freeën sech den zéngte Joresdag vum Gesetz vum 24. Juli 2014 iwwer d'Rechter an d'Flichte vun de Patienten am Nomëtte vum 11. Dezember 2024 ze feieren, dat am Virfeld vum Patient-als-Partner-Dag. ​ Am Kader vun enger Conférence-Débat am European Convention Center gëtt eng Bestandsopnam gemaach an iwwer Perspektiven diskutéiert.

12. Dezember 2024: 3. Editioun vum nationale Patient-als-Partner-Dag

D'Diskussiounen tëschent den Acteuren aus dem Gesondheetswiese gëtt den aneren Dag, den 12. Dezember, weidergefouert. Ënnert dem Patronage vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, invitéieren d'FHL an de CAPAT op déi 3. Editioun vum nationale Patient-als-Partner-Dag (JNPP). Den JNPP ass en Dag vun der Reflexioun a vum gemeinsamen Opbau vun enger Partnerschaft tëschent de Patienten an de Prestatairen, déi am Zentrum vum Gesetz iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient steet.

D'Konferenz an d'Debatt iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient den 11. Dezember an den nationale Patient-als-Partner-Dag den 12. Dezember sinn esou wuel un d'Patienten an d'Bierger, wéi och un d'Fachleit aus dem Beräich vun der Gesondheet an der Fleeg geriicht. Nieft dësen zwee Haaptevenementer, ginn iwwer d'Joer 2024 weider Initiative vu verschiddenen Acteuren organiséiert, fir weider iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient z'informéieren a fir iwwer dëst villsäitegt Thema ze diskutéieren. www.droitsdupatient.lu.

Evaluatioun vum Gesetz iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient

Den zéngte Joresdag vum Gesetz vun 2014 ass e gudden Zäitpunkt fir eng Bilanz vun de Stäerkten a vum Verbesserungspotential vun onsem Gesetz ze zéien. Fir 2024, plangt de Mediatiounsdéngscht vun der Santé, zesumme mam Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, eng grouss Consultatiounscampagne (Patienten, Prestatairen an Experten) ze féieren, fir esou d'Meenung vun alle Bedeelegten zu onserem gesetzleche Kader wat seng Praxis an d'Entwécklung vun eiser Gesellschaft ze sammelen. Dës Iwwerleeunge sollen am Laf vum Joer 2025 verdéift ginn, fir esou bei Bedarf eng Upassung a Moderniséierung vun eisem gesetzleche Kader z'envisagéieren.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet / Cercle des associations de patients (CAPAT) / Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL) / Fédération COPAS / Mediatiounsdéngscht vun der Santé 

Aktualiséiert