Aféierung vun der mobiller App Pollen.lu fir eng effikass Polleniwwerwaachung zu Lëtzebuerg

Vill Lëtzebuerger sinn e Groussdeel vum Joer vu saisonale Pollenallergië betraff, an dat oft schonn ab Januar. Vun elo u kënnen déi betraffe Persounen iwwert déi mobil App Pollen.an an Echtzäit d'Pollekonzentratioun an der Loft kontrolléieren. Dës praktesch a gratis App gouf vum CHL an Zesummenaarbecht mam Service fir Immuno-Allergologie, dem Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet an der Firma Nvision entwéckelt.

Déi nei mobil App ass fir jiddereen zougänglech a bitt allergesche Persounen d'Méiglechkeet zu all Ament d'Niveaue vun de verschiddene Pollekonzentratiounen an der Loft zu Lëtzebuerg ze iwwerpréiwen. "Mathëllef vu Sensoren, déi op den Diecher vum CHL installéiert sinn, liwwert d'App an Echtzäit Informatiounen zur Pollekonzentratioun an der Loft zu Lëtzebuerg. Dës Technologie analyséiert d'Loft a liwwert Informatiounen iwwert d'Presenz vun den 11 Pollenzorten déi am meeschten Allergien ausléisen. Chronologesch gesinn, sinn déi wichtegst den Hieselter, den Alenter, d'Esch, d'Bierk, d'Eech, Grieser, de Bäifouss", erkläert den Dr Farah Hannachi, Chef-Dokter vum nationale Service fir Immuno-Allergologie.

D'Konzentratiounsniveaue vun de Polle ginn dräimol den Dag aktualiséiert an a véier Kategorie klasséiert: net erfaasst, liicht, mëttel an héich.

Ausserdeem liwwert d'App hëllefräich Tips fir de Kontakt mat Pollen ze reduzéieren oder ze vermeiden.

D'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, ënnersträicht d'Wichtegkeet vun dëser Initiativ am Kampf géint Allergien zu Lëtzebuerg. "Allergië stellen e gréissere Problem fir déi ëffentlech Gesondheet duer. Laut enger rezenter Etüd vum L.I.H, si 44% vun der Bevëlkerung atopesch an dohier ufälleg fir Allergien. Fir vill allergesch Persounen, kann dës App deemno immens hëllefräich sinn, an dobäi hëllefen, mat der Behandlung virzegräifen oder de Kontakt mam Pollen ze reduzéieren oder ze vermeiden."

Zougang zu all dësen Informatiounen an Echtzäit gëtt et iwwert d'App Pollen.lu, déi gratis iwwert den App Store a Google Play erofgeluede ka ginn. D'App ass däitsch a franséisch verfügbar.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet a vum Centre hospitalier de Luxembourg (CHL)

Aktualiséiert