Réckbléck op d'Woch 10 vum 4. bis 10. Mäerz 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklung vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Stabiliséierung vun de Fäll vun RSV-Virus op engem déiwen Niveau.

Influenza: Réckgang vun de Grippefäll.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 4. bis den 10. Mäerz 2024 (Woch 10), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 32 erof, par rapport zu 42 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 24% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 2,3% am Verglach zu 2,6% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of. [1]

Dës Indicateuren deiten op eng Baisse vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (86,7%) a vun der Variant BA.2.86 (11,1%) gewisen. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1, déi vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, säit der Woch 47 vum Joer 2023 dominéiert. [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 4. bis den 10. Mäerz 2024 (Woch 10), geet d'Zuel vun de Grippefäll (Influenza), déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, vun 206 op 157 erof, wat eng Baisse vu 24% par rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 4. bis den 10. Mäerz 2024 (Woch 10), klëmmt d'Zuel vun de Persounen, déi an de Laboratoirë positiv op den RSV-Virus getest goufen, op 13 Fäll am Verglach zu 11 Fäll an der viregter Woch. Déi geréng Zuelen deiten op eng Stabiliséierung vun den RSV-Fäll op engem déiwen Niveau hin. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis de 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

D'Verëffentlechung vum Wocheréckbléck iwwer d'Infektioune vun den Otemweeër gëtt ab haut bis op Weideres gestoppt. Jee nodeem wéi sech d'Situatioun entwéckelt, gëtt d'Publikatioun vum Communiqué no Besoin nees lancéiert.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet 

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert