Réckbléck op d'Woch 9 vum 26. Februar bis 3. Mäerz 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19: Stabilisatioun vun der Unzuel vu Fäll a vum Positivitéitstaux vu COVID-19 op engem nidderegem Niveau.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Stabiliséierung vun de Fäll vun RSV-Virus op engem déiwen Niveau.

Influenza: Réckgang vun de Grippefäll.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 26. Februar bis den 3. Mäerz 2024 (Woch 9), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 42 erop, par rapport zu 41 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 2% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 2,56% am Verglach zu 2,63% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of. [1]

Dës Indicateuren deiten op eng Stabiliséierung vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (86,7%) a vun der Variant BA.2.86 (11,1%) gewisen. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1, déi vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, säit der Woch 47 vum Joer 2023 dominéiert. [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 26. Februar bis den 3. Mäerz 2024 (Woch 9), geet d'Zuel vun de Grippefäll (Influenza), déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, vu 312 op 206 erof, wat e Réckgang vun 34% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op e Réckgang vun der Zirkulatioun vum Grippevirus (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 26. Februar bis den 3. Mäerz 2024 (Woch 9), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 11 Fäll erof, am Verglach zu 13 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 15% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis de 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert