Pink October: d'Wierksamkeet vun der Fréierkennung am Kampf géint Broschtkriibs

Am Kader vum Pink October, deen de Mount vun der Lutte géint Broschtkriibs markéiert, weist de Gesondheetsministère nach eemol op d'Wichtegkeet vum Depistage géint dës Kriibsaart hin, déi et erméiglecht Tumeuren an engem fréie Stadium z'erkennen, an esou Liewen ze retten.

Broschtkriibs: déi éischt tumorbedéngten Doudesursaach bei Fraen

Laut der neister Statistik iwwert Doudesursaachen zu Lëtzebuerg, déi 2021 realiséiert gouf, gehéieren Tumeuren zur heefegster Doudesursaach an der Bevëlkerung. Broschtkriibs ass déi heefegst Kriibsaart bei Fraen an Haaptdoudesursaach bei Fraen tëscht 50 a 70 Joer. Op globalem Niveau, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (OMS) 2023 festgestallt, dass bal eng Fra vun 12 am Laf vun hirem Liewe Broschtkriibs entwéckelt.

D'Behandlung vu Broschtkriibs huet allerdéngs an de leschte Joerzéngte grouss Fortschrëtter gemaach. Laut OMS, ass déi altersbedéngte Broschtkriibs-Stierflechkeet an den Industrielänner tëscht 1980 an 2020 ëm 40% zeréckgaangen. Dës Verbesserung ass d'Resultat vun der Fréierkennung vu Broschtkriibs an déi uschléissend wierksam Behandlung, déi op engem Zesummespill vu Chirurgie, Radiotherapie a medikamentéise Behandlunge berout.

D'Wichtegkeet vum Depistage: de Mammographie Programm zu Lëtzebuerg

"E reegelméissegen Depistage bleift liewesnoutwenneg am Kampf géint dës Krankheet, an et ass wichteg d'Risikogrupp fir d'Bedeitung vum Screening ze sensibiliséieren", esou d'Paulette Lenert, Gesondheetsministesch.

Zu der Risikogrupp gehéiere Fraen tëscht 50 a 70 Joer. Si kréie recommandéiert um Screening-Programm vun der Gesondheetsdirektioun deelzehuelen, dem sougenannten "Mammographie Programm". Dëse Programm betrëfft Fran tëscht 50 a 70 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen a bei der Sozialversécherung hei am Land ugemellt sinn. An dëser Altersgrupp kréien déi betraffe Persounen all 23 Méint eng Aluedung fir eng Mammographie an engem zougeloossenen Depistage-Zenter vun engem vun de 5 Spideeler am Land deelzehuelen.

De Programm huet an der tëscht seng Wierksamkeet bewisen an dréit all Joer dozou bäi, dass Fraen, bei deene Kriibs festgestallt gëtt, medezinesch betreit an entspriechend behandelt ginn. Vun 1992 bis 2022, hunn eng 430.500 Fraen tëscht 50 a 70 Joer un engem Mammographie-Depistage am Kader vun dësem Programm deelgeholl, woubäi bei 2.900 Frae Kriibs entdeckt gouf.

Duerchschnëttlech weisen zu Lëtzebuerg 40 vun 1.000 Mammographien, déi am Kader vun dësem Programm realiséiert ginn, en anormaalt Resultat. Vun dëse 40 Fäll gëtt dann, am Kader vu weideren Ënnersichungen, bei 7 Persounen dës Krankheet diagnostizéiert.

Doriwwer eraus gëtt am Kontext vum Screening-Programm eng rigouréis Prozedur fir d'Interpretatioun vun de Rëntgenopname vun der Mammographie applizéiert. Dës Prozedur ass fir d'Fréierkennung vu méiglechem Broschtkriibs immens virdeelhaft: de Prinzip vun der duebeler, oder dräifacher Lektür. D'Mammographië gi vun engem zougeloossene Radiolog vum Screening-Zenter ënnersicht an dono vun engem 2. Radiolog bei der Gesondheetsdirektioun analyséiert ("duebel Lektür"). Falls d'Interpretatioune vun dësen zwee Dokteren net iwwerteneestëmmen, kënnt et zu enger Bespriechung tëscht engem Radiolog aus der éischter an engem aus der zweeter Ronn, fir dass eng drëtt Lektür realiséiert gëtt.

Dës duebel Lektür ass wichteg, well se engersäits Opfällegkeeten opdecke kann, déi vun engem vun de Radiologen iwwersi gouf a well se anersäits onnéideg Zousaz-Ënnersichunge vermeide kann. Duerch dës Method, kënne 25% vun de Kriibs-Erkrankunge souzesoen opgefaange ginn.

Etüd iwwert den Zesummenhang tëscht dem Depistage-Programm an dem Lëtzebuerger Kriibsregëster (RNC, Registre national du cancer)

Doriwwer eraus, gouf tëscht 2013 an 2018 eng gemeinsam Etüd tëscht dem RNC an dem Mammographie Programm vun der Gesondheetsdirektioun realiséiert. Zil war d'Wierksamkeet vum Broschtkriibs-Screening-Programm fir Fraen tëscht 50 a 70 Joer ze bewäerten. D'Resultater hu gewisen, dass déi entdeckte Kriibs-Erkrankunge manner invasiv a méi kleng waren, manner Lymphdrüse befall haten an zum Zäitpunkt vun der Diagnos manner fortschrëttlech waren, am Verglach zu de Kriibs-Erkrankungen, déi ausserhalb vum Programm festgestallt goufen.

Domat huet de Broschtkriibs-Screening-Programm zu Lëtzebuerg seng Ziler mat Bezuch op déi fréizäiteg Erkennung an enger besserer Prognos vu Broschtkriibs erreecht. Dës Etüd liwwert en éischte Set un Indicateuren an eng Methodologie fir de Broschtkriibs-Screening-Programm zu Lëtzebuerg ze bewäerten. Doriwwer eraus, wäert d'Etüd wäertvollt Wëssen am Beräich vun der Verwendung vun Daten an héijer Opléisung aus Kriibsregëster vun der Bevëlkerung liwweren, fir d'Depistage-Programmer ze evaluéieren.

Sensibiliséierungsaktivitéiten am Kader vum Pink October

 Am Kader vum Pink October organiséiert de Gesondheetsministère iwwert de ganzen Oktober verschidde Sensibiliséierungsaktivitéiten uechter d'Land:

  • An Zesummenaarbecht mat der Fondation Cancer an den Associatiounen Think Pink an Europa Donna, gi Sensibiliséierungs- an Informatiounsdeeg an de verschiddene Spideeler uechter d'Land organiséiert: den 10. Oktober am Nordspidol (CHDN), den 11. Oktober am Centre hospitalier du Luxembourg (CHL), den 18. Oktober an den Hôpitaux Robert Schuman (HRS), den 20. Oktober am Centre hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) an de 27. Oktober an der Zithaklinik.
  • D'Ministesch Paulette Lenert huet um Broschtkriibslaf vun Europa Donna de 7. Oktober am Hesper Park deelgeholl an de Startschoss fir de Laf ginn.
  • D'Associatioun Think Pink organiséiert de Sonndeg, 15. Oktober d'Race for the Cure zu Iechternach an de Gesondheetsministère wäert och op der Plaz sinn, fir d'Course z'ënnerstëtzen.
  • Op de Reseaue gëtt eng digital Campagne lancéiert, dorënner och en Erklärungsvideo zu de Symptomer vu Kriibs an zu der Wichtegkeet vum Depistage. E Radiospot ass och virgesinn.

Depistage ausserhalb vum preventive Screening-Programm

D'Moossnamen, déi geholl goufen, fir d'Organisatioun vun den Depistage-Ënnersichungen ausserhalb vum Screening-Programm ze verbesseren, waren och erfollegräich. D'Aktioune vum Aarbechtsgrupp, deen an d'Liewe geruff gouf, esou wéi d'Zesummenaarbecht tëscht dem Observatoire de la santé, dem Luxembourg Institute of Health (LIH) an der Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL) hunn zu enger progressiver Verbesserung vun de Waardezäite bäigedroen. Dréngend Ënnersichunge gi kuerzfristeg assuréiert an duerch d'Récksprooch tëscht de Spidols-Acteuren an de betraffenen Dokteren, mat der Ënnerstëtzung vun der Gesondheetsdirektioun, kënne kuerzfristeg Rendez-vousen op Basis vu verschriwwenen Dokteschordonnonancen ugebuede ginn. Den Ausbau vun den Ëffnungszäiten an d'Erneierung vun de Bestänn u Mammographie-Scanneren an alle Spidolsstrukturen, déi fir déi nächst Wochen a Méint geplangt ass, droen, bei Bedarf, zu enger verbesserter Versuergung bäi.

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert