Opgepasst bei Openthalter an der Natur: Presenz vun enger gréisserer Unzuel un Zecken opgrond vum méi mëllen a fiichte Klima

De Summer bréngt een erhéichte Risk fir Zeckebëss mat sech, wat zum Deel op déi erhéichten Unzuel vun Zecken a mëll Wanteren a fiicht Fréijoren zeréckzeféieren ass.

De Bëss vun esou engem Parasit kann zu seriöe Gesondheetsprobleemer féieren, inklusiv der Iwwerdroung vun Infektioune wéi d'Borrelios an eise Géigenden oder d'Méningo-Encéphalite an Osteuropa, Éisträich oder Süddäitschland.

Wéi eng Krankheete kënnen Zecken iwwerdroen a wéi geféierlech sinn se?

Zu Lëtzebuerg ass déi eenzeg Infektioun, déi duerch een Zeckebëss ausgeléist ka ginn, d'Lyme-Krankheet (Borrelios). Dës kann iwwerdroe ginn, wann ee vun enger Zeck gebass gëtt, déi mat Borrelia infizéiert ass. Den Undeel vun den infizéierten Zecken variéiert vu Joer zu Joer a vu Regioun zu Regioun a geet vun 0-30%.

Nodeems eng infizéiert Zeck hire Wiert gebass huet, ernäert si sech vun deem sengem Blutt a scheet Exkrementer aus, déi d'Bakterien enthalen, déi de Wiert infizéiere kënnen. Dëse Virgang dauert 24 bis 48 Stonnen, well Zecken lues an iwwer ee laangen Zäitraim ewech Narung ophuelen. Wa sech eng Persoun mat der Lyme-Krankheet infizéiert, kann se ufänglech een Erythem ronderëm d'Bëssstell opweisen. Wann d'Infektioun an dësem Stade net behandelt an diagnostizéiert gëtt, kann se heiansdo zu Komplikatioune wéi Arthritt, Lämunge vum Gesiicht oder Meningitis féieren.

Wéi kann een sech géint Zecken schützen?

D'Präventioun virun Zeckebëss ass wichteg fir de Risk un der Lyme-Krankheet z'erkranken ze reduzéieren. Hei e puer einfach Mesuren, déi een ergräife kann, fir sech virun enger potentieller Infektioun ze schützen:

Et gëtt recommandéiert, Gezei mat laangen Äerm, laang Boxen an zoue Schong unzedoen, wann een sech an engem Gebitt mat dichter Vegetatioun ophält. Nom Expositiounsrisk sollt een direkt reegelméisseg Kontrolle bei sech a sengem direkten Ëmfeld maachen, besonnesch bei Kanner, an de Kierper genaustent op Zecken ënnersichen. Vergiesst och net déi méi schwéier zougänglech Plaze wéi d'Kapphaut oder ënnert den Äerm ze kontrolléieren. Wann Dir eng Zeck op Ärer Haut entdeckt, gëtt recommandéiert se komplett duerch liicht Dréine mat enger Zeckenpincette eraus ze huelen oder ëm Hëllef bei engem Professionellem aus dem Gesondheetsberäich ze froen. Eng infizéiert Zeck, déi manner wéi 24 Stonnen hänke bleift, huet keng Zäit d'Krankheet z'iwwerdroen. Ofschléissend gëtt recommandéiert virun enger Rees an den Oste vun Europa een Dokter ze consultéieren, fir iech z'informéieren, ob eng Impfung géint Zeckenenzephalitis ugerode gëtt.

Wat sinn Zecken?

Zecken si Parasitten a kommen aus der selwechter Famill wéi d'Spannen a Milben. Se ernären sech ausschliisslech vun Déieren- oder Mënscheblutt. Ofhängeg vun hirem Liewenszyklus wiesselen se vu klengen Nagedéieren op Réi an Hirschen oder Mënschen, déi an hirer Reechwäit passéieren. Zecken halen sech do op, wou et Vegetatioun a Wierte ginn. Se befannen sech am Laf, am héije Gras, am Ënnerholz, a Straich an op Feldweeër um Bëschrand. Wann sech Zecken op hirem Wiert festsetzen, sichen se eng geschützte Plaz op deem sengem Kierper, fir de Risk, erausgerappt ze ginn, ze miniméieren, well se dësem Risk stänneg ausgesat sinn. Zecken bäissen sech op onbedeckte Plaze vum mënschleche Kierper fest a kënnen heiansdo um Kapp oder ënnert enger Auer um Handgelenk schwéier z'erkenne sinn.

Zecken favoriséieren heiansdo eis Hauséieren an heiansdo méi grouss Déieren, de Mënsch abegraff. Zecken déi op eisem Hausdéier setzen, wäerten eis net bäissen a méiglecherweis d’Lyme-Krankheet iwwerdroen. Am Géigesaz zu Fléi, kënnen Zecken net vum Hond oder Kaz op de Mënsch iwwerdroe ginn.

Weider Informatiounen zur Preventioun vun Zeckebëss fannt Dir ënnert www.tiques.lu

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet

Aktualiséiert