Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis 16. Abrëll 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech ee vereinfachten Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër:  dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza).

COVID-19

An der Woch vum 10. bis 16. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 217 erof, par Rapport zu 298 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 27,2% ausmécht. Vun all de positiv geteste Persounen, si 46,1% Re-Infektiounen, géintiwwer 50,7% an der Woch virdrun.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 10. bis 16. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 182 op 93 erof, wat e Réckgang vu 48,9% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

Communiqué vum Gesondheetsministère 

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

Aktualiséiert