Infektioune vun den Otemweeër COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. Dezember 2022 bis den 1. Januar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 26. Dezember 2022 bis den 1. Januar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 777 erof, par Rapport zu 1.656 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 499 Re-Infektiounen, dat sinn 39,1% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 1.073 (39,3%) an der Woch virdrun.

Et gouf zwee weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 77 Joer.

An de Spideeler goufen et 30 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 38 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 66 Joer. 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 26. Dezember bis den 01. Januar 2023, goufen am ganzen 75 Dosissen aginn. 1 Persoun krut eng 1. Dosis, 1 krut déi 2. Dosis, 1 Persoun krut eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 67 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 5 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 02. Januar 2023 op 1.292.719.

474.899 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Fir et méi einfach ze maache sech impfen ze loossen, gëtt freides, de 6., 13. an 20. Januar 2023 vun 10:00 bis 16:00 Auer, am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up Impfzenter opgemaach.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéieren d'Varianten Omicron BQ.1 a representéieren 68,7% an der Woch 51.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Wéinst Chrëschtdag an Neijoerschdag, ass de nächste CORONASTEP-Rapport fir dënschdes, den 10. Januar 2023 virgesinn a wäert Donnéeë vun de Kalennerwochen 52 an 1 betreffen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 26. Dezember 2022 bis den 1. Januar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen vun 2.552 op 897 erof, wat e Réckgang vu 65% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Dëse Réckgang ass warscheinlech deelweis en indirekten Effet vun der Chrëschtvakanz an dowéinst wäert een op d'Donnéeë vun den nächste Woche waarde mussen, fir kënnen ze confirméieren, op den Héichpunkt vun der Epidemie schonn erreecht gouf. 

Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg
Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vun Sentinel-Haus- a Kannerdoktere, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert