Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis den 25. Dezember 2022

Vun haut un bitt Iech de Wocheréckbléck e méi e breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 19. bis de 25. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.656 erop, par Rapport zu 1.464 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 1.073 Re-Infektiounen, dat sinn 39,3% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 1.110 (43,1%) an der Woch virdrun.

Et gouf zwee weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 83 Joer.

An de Spideeler goufen et 38 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 39 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 67 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 19. bis den 25. Dezember 2022 goufen am Ganzen 778 Dosissen aginn: 14 Persoune kruten eng 1. Dosis, 12 kruten déi 2. Dosis, 70 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 647 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 35 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 26. Dezember op 1.292.710.

474.898 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéieren d'Varianten Omicron BQ.1 a representéieren 58.8% an der Woch 49.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 3. September virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwochen 51 an 52.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 19. bis den 25. Dezember geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 2.551 erop, par Rapport zu 1.383 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vu 84% par Rapport vun der Woch virdrun ausmécht. D'Zuel vun de Grippefäll iwwertrëfft aktuell den Héichpunkt vun der Grippewell am Fréijoer dëst Joer.  

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vun Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert