Coronavirus: COVID-19

HOTLINE: 8002 8080

Aktuell Situatioun (12.03.2020):
19 infizéiert Persounen, 93 Persounen a Quarantaine

- Risikogebiet: Extensioun op déi franséisch Départementer Oise an Haut-Rhin esou wéi déi däitsch Bundesländer Nordrhein-Westfalen a Baden-Württemberg opgrond vun der grousser Zuel vu neie Fäll.


DE CORONA-VIRUS, WAT ASS DAT ?

Definitioun vum Coronavirus

D'Coronavire (CoV) bilden eng grouss Famill vu Viren déi Unzeeche vun engem einfache Schnapp bis hin zu méi schlëmmen Otemkrankheete wéi de Middle East Respiratory Syndrome (MERS) oder de Severe acute respiratory syndrome (SARS) kënnen ausléisen. Een neie Coronavirus (nCov) ass eng nei Zort vu Coronavirus, déi bis ewell nach net beim Mënsch nogewise gouf.

De COVID-19 ass déi ustiechend Krankheet, déi ausgeléist gëtt vum leschte Coronavirus, deen entdeckt gouf (SARS-COV2). Dësen neie Virus an dës Krankheet waren net bekannt bis zum Ausbroch an der Verbreedung zu Wuhan (China) am Dezember 2019.

D'Infektioun COVID-19 verleeft an 80 % vun de Fäll harmlos. Allerdéngs ass et wichteg fir verschidde Virkéierunge ze treffe fir datt de Virus sech net an der Populatioun a besonnesch bei ufällegen an zerbriechleche Persoune verbreede kann.

Wou ass deen neie Corona-Virus opgedaucht?

De SARS-COV2 ass eng nei Zort vum Corona-Virus, déi bis ewell nach net beim Mënsch festgestallt gouf. D'Epidemie huet an der chinesescher Stad Wuhan, der Haaptstad vun der Provënz Hubei, ugefaangen. Ufanks huet et esou ausgesi wéi wann d'Epidemie an Zesummenhank mam Maart South China Seafood géif stoen. Op dësem Maart bidden Händler Mieresfriichten, Gefligel, Fliedermais, Murmeldéieren an aner wëll Déieren un, wat drop hindeit, datt de Virus seng Originne bei den Déieren huet. Et huet sech dono erausgestallt, datt de Virus och vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn. Et gouf mëttlerweil Fäll an anere Regiounen a China an an anere Länner entdeckt, oft bei Leit, déi virdrun op Wuhan gereest waren. Déi zoustänneg Gesondheetsautoritéite vun de verschiddene betraffene Länner maachen aktuell Recherchen iwwer de Corona-Virus an d'Quelle wou d'Leit sech infizéiert hunn.

Wat ass eng Pandemie?

Et gëtt keng allgemeng Definitioun. Et kann een awer soen, datt eng Pandemie eng zouhuelend an unhalend Verbreedung vun enger aussergewéinlecher mënschlecher Krankheet ass, déi rasant all Deeler vun der Welt an e groussen Deel vun der Weltbevëlkerung betrëfft. 

SYMPTOMER

Wat sinn d'Symptomer?

D'Symptomer variéiere vun enger moderater bis uerger Erkrankung vun den Otemweeër, begleet vu Féiwer, Houscht an Otemproblemer. Eeler Leit a Persounen, déi ënner chronesche Krankheete leiden, schéine méi ufälleg ze si fir Komplikatiounen.

D'Inkubatiounszäit, also d'Zäit tëschen dem Moment wou ee sech ustécht an den éischte Symptomer, läit bei der Infektioun COVID-19 bei maximal 14 Deeg.

Wat muss ech maachen, wann ech krank sinn nom Kontakt mat enger Persoun (Léierpersonal, Trainer, Matschüler, etc.), déi och krank ass an aus engem Risikogebitt zeréckkënnt?

Wann déi Persoun de COVID-19 huet, da ginn all déi Persounen, déi am enke Kontakt mat dem Infizéierte waren, vun der Inspection sanitaire recherchéiert an identifizéiert. Dir gitt also vun der Inspection sanitaire kontaktéiert an déi seet Iech dann, wat Dir maache musst. Wann déi Persoun net vum COVID-19 infizéiert ass, da musst Dir näischt speziell ënnerhuelen (ausser natierlech Iech entspriechend de Virschrëfte vun Ärem Dokter ze versuergen!).

Kann e Blutttest de Virus detektéieren?

Nee. Aktuell kann de neie Coronavirus nëmmen iwwert en Test vun den Otemsekreeter festgestallt ginn.

Ka mäin Dokter mir e Labostest fir d'Sich nom SARS-CoV-2 verschreiwen?

Aktuell gëtt den Test just bei Persounen, bei deenen e Verdacht op de COVID-19 besteet, entspriechend prezise Critèrë, an dat op Demande vun der Inspection sanitaire oder dem Service national des maladies infectieuses, duerchgefouert. A ganz spezifesche Fäll kann och en Dokter am Spidol den Test fir Patienten, déi vun enger Pneumonie betraff sinn, ufroen.  All Test gëtt am LNS duerchgefouert an iwwert een Budget vum Staat bezuelt.

Wa bei mir de Verdacht op COVID-19 besteet an den entspriechende COVID-19-Test duerchgefouert gëtt, wie kritt dann d'Resultat?

D'Resultat vum Test gëtt der Inspection sanitaire oder dem Service am Spidol, deen den Test ugefrot huet, op geséchertem Wee iwwerdroen, déi dann direkt de Patient doriwwer informéiert. Op Wonsch vum Patient kann d'Resultat och un den Hausdokter weidergeschéckt ginn.

IWWERDROUNG A BEHANDLUNG

Wéi iwwerdréit den Coronavirus sech?

De COVID-19 gëtt iwwerdroe vu Persounen, déi de Virus a sech droen. D'Krankheet ka vun enger Persoun op déi aner iwwerdroe gi duerch kleng Drëpsen, déi beim Ootmen entstinn, an duerch d'Nues oder Mond ausgestouss gi wann eng Persoun houscht oder néitscht.

Dës kleng Drëpse kënne wärend eng gewëss Zäit op Objeten oder Uewerflächen ronderëm déi betraffe Persoun erëmfonnt ginn. Et kann ee sech mam COVID-19 ustieche wann een dës Objeten oder Uewerflächen beréiert an dono seng Aen, seng Nues oder säi Mond beréiert. Et ass och méiglech, sech mam COVID-19 unzestiechen andeems ee kleng Drëpse vun enger kranker Persoun, déi houscht oder néitscht, anotemt. Dofir ass et wichteg een Ofstand vun iwwer zwee Meter zu enger Persoun ze halen, déi krank ass an déi allgemeng Moossname vun der Hygiène ze respektéieren.

Kann ech mech ustiechen duerch ee Pak, deen ech aus engem Risikogebitt geschéckt kréien?

De Corona-Virus verbreet sech duerch Flëssegkeete vu Mënschen an Déieren. No de läschten Informatioune vun der WHO besteet keng Gefor, sech duerch ee Pak, deen aus engem Risikogebitt kënnt, unzestiechen.

Kann de Coronavirus sexuell iwwerdroe ginn?

De COVID-19 ass net sexuell iwwerdrobar. Allerdéngs verbreet de Virus sech iwwer Sekret aus den Otem a kann duerch den direkte Kontakt tëscht de Leit iwwerdroen ginn. Dat ass duerchaus de Fall beim Geschlechtsverkéier, falls ee vun de Partner mam Virus infizéiert ass.

Stellt deen neie Coronavirus e Risiko fir schwanger Fraen oder de Fötus duer?

No den aktuellem Kenntnisstand stellt de SARS-CoV-2 kee spezielle Risiko fir schwanger Fraen duer. Schwanger Frae ginn deemno kengen zousätzleche Schutzmesuren ënnerworf, ausser deenen, déi bei enger Schwangerschaft üblech sinn. 

Bis elo gëtt et kee Lien tëschent dem Coronavirus an Anomalië beim Fötus oder engem Risiko vun enger Fréigebuert. Dat muss awer nach duerch scho lafend Etüde confirméiert ginn.

Source: ECDC: https://www.ecdc.europa.eu/en/novel-coronavirus-china/questions-answers
Source: CDC: https://www.cdc.gov/coronavirus/2019-ncov/specific-groups/pregnant-women-and-children.html

Gëtt et en Impfstoffgéint de COVID-19?

Aktuell gëtt et nach keen Impfstoff. D’Fuerschung dozou ass amgaangen.

Wéieng Behandlung gëtt et géint eng COVID-19-Infektioun?

Fir de Moment gëtt et keng spezifesch Behandlung, d’Fuerschunge lafen awer. Den Traitement ass haaptsächlech symptomatesch, d.h. se gläicht der Behandlung vun Houscht, Otemproblemer oder héijer Temperatur.

Ka mäin Hausdokter mir eng Consultatioun refuséieren, wann ech aus engem Risikogebitt zeréckkommen?

Ären Dokter ass verflicht, Iech un déi beschtméiglech Betreiung ze orientéieren. Wann Ären Dokter, no der Consideratioun vun Äre Symptomer an Äre Risikofacteuren, der Meenung ass, datt et néideg ass, de Risiko vun enger COVID-19-Infektioun bei Iech méi genau z'evaluéieren, dann ass hie verflicht Iech un déi kompetent medizinesch Servicer weiderzeleeden. Wann d'Experten no der Evaluatioun der Meenung sinn, datt bei Iech, opgrond vum gerénge Risiko vun enger COVID-19-Infektioun, keng besonnesch Bestëmmungen néideg sinn, da kann Ären Hausdokter Iech empfänken a soignéieren.

SECH SELWER AN ANERER SCHÜTZEN

Wat muss ech maache fir mech ze schützen a fir ze verhënneren, datt ech mech ustiechen?

Et gëllen déi nämmlecht Virsiichtsmoossname bei all anerer Infektioun vun den Otemweeër och.

  1. Dat Allerwichtegst: Wäscht Iech reegelméisseg a richteg d'Hänn. Dir fannt déi beschten Aart a Weis fir sech d'Hänn ze wäschen online op sante.lu/coronavirus.
  2. Dir houscht oder néitscht? Maacht dat an een Nuesschnappech aus Pabeier oder an den Ielebou a geheit d'Nuesschnappech nom Gebrauch an eng Dreckskëscht mat engem Deckel.
  3. Verzicht drop anere Leit d'Hand ze ginn oder se op de Bak ze këssen.
  4. Bleift doheem wann Dir krank sidd! Gidd net schaffen!
  5. Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit (haalt een Ofstand vun op d'mannst 2 Meter)
  6. Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.
Ech sinn ufälleg fir krank ze ginn, wéi soll ech mech verhalen?

Wéi d'Gripp, ass de Corona-Virus virun allem fir eeler Leit a Leit mat (schwéieren) gesondheetleche Problemer geféierlech. Schützt Iech virum Corona-Virus wéi Dir Iech virun der Gripp schützt. Respektéiert déi 6 Rotschléi, déi hei méi wäit uewen opgezielt sinn an evitéiert Plazen, déi schlecht belëft sinn a wou sech vill Leit ophalen.

Momentan schéint et esou ze sinn, datt Kanner generell manner schlëmm vum Virus betraff sinn.

Mussen immun schwaach Leit eng Mask droen fir sech géint de Coronavirus ze schützen?

Nee, immun schwaach Persounen brauche keng speziell Sécherheetsmesuren. Des gëllen awer fir Leit, déi e richtegen Immundefizitt hunn oder déi en Traitement suivéieren, deen hiren Immunsystem schwächt a vum zoustännegen Dokter spezifesch Mesuren verschriwwen krute (wéi d’Droen vun engem Mask am Spidol). Déi Virschrëften solle weiderhin respektéiert ginn.

Wéini soll een eng Mask undoen?

D'Weltgesondheetsorganisatioun gesäit net vir fir aus präventive Grënn eng Mask unzedoe fir esou ze verhënneren, datt ee sech mam Virus COVID-19 ustécht.

De Gebrauch vu spezielle Masken (FFP2) fir der Infektioun mam Corona-Virus virzebeugen, mécht just an deene Spideeler Sënn, an deene Patiente mam Corona-Virus betreit ginn an a Laboratoiren, wou Analyse vun dëse Patiente gemaach ginn.

Wat bedeit et ënner Quarantän gesat ze ginn?

Et handelt et sech ëm eng Mesure fir eng u sech gesond Persoun, déi awer enke Kontakt mat enger kranker Persoun hat, ze isoléieren. Dës Moossnam huet d'Zil, déi weider Verbreedung vum Virus anzedämmen an d'ëffentlech Gesondheet ze schützen. Se ass net méi wierksam ab deem Zäitpunkt, wou de Virus sech breetflächeg an der Bevëlkerung verbreet huet. Dës Mesure, déi drop aus déi ëffentlech Gesondheet ze garantéieren a vun der Inspection sanitaire kann decidéiert ginn, dauert ënnerschiddlech laang, ofhängeg vun der maximaler Inkubatiounszäit vun der Krankheet (Corona-Virus: 14 Deeg). D'Quarantän kann doheem oder an engem Quarantän-Zenter gemaach ginn. Wärend der Quarantän kann déi betraffe Persoun sech net fräi beweegen.

Si gëtt an där Zäit vun der Inspection sanitaire krankgeschriwwe wat gläichzesetzen ass mat engem Krankeschäin an och esou vun der Krankekeess unerkannt ass. Wann d'Quarantän vun den zoustännegen Autoritéite vun engem aneren europäesche Land decidéiert gëtt, da gëtt des Decisioun vu Lëtzebuerg unerkannt.

Wat bedeit eng Isolatiounsmoossnahm?

Et geet hei drëms fir eng Persoun, déi krank an ustiechend ass, ze isoléieren. Dës Mesure gëtt vum Dokter, deen de Patient behandelt, decidéiert. Falls néideg kann den Isolement och vun der Inspection sanitaire gefuerdert ginn z.B. wann de Patient den Isolement oder déi néideg Behandlung refuséiert. D'Dauer vum Isolement hänkt dovun of wéi laang de Patient aner Leit kann ustiechen.

Den Isolement gëtt normalerweis an engem Spidol gemaach, en ass awer och doheem méiglech. Während der Dauer vun der Krankheet, schafft de Patient net wat gläichzestellen mat engem Krankeschäi vum Dokter, deen de Patient behandelt.

Wat geschitt wann d’Verbreedung vum Virus net méi kann duerch Isolatiounsmesuren opgehale ginn?

Wann ëmmer méi Fäll an Europa an zu Lëtzebuerg optrieden an et offensichtlech gëtt, dass d’Verbreedung vum Virus op d’allgemeng Populatioun net méi ka verhënnert ginn, gëtt d’Strategie fir d‘Bekämpfung vum Virus ugepasst. An dësem Fall berout d’Strategie net méi op Quarantainesmesuren, mee konzentréiert sech op de Schutz vu besonnesch ufällege Persounen, bei deenen de Risiko vu schwéiere Komplikatioune besteet.

Kann d'Direktioun vun enger Schoul oder enger Entreprise vum Schüler oder vum Mataarbechter verlaangen, en negativen Test virzeweisen ier se déi Persoun erëm an d’Schoul oder an de Betrib eraléisst?

Nee, éischtens ass esou en Test net recommandéiert bei enger Persoun, déi keng Unzeechen vum Coronavirus COVID-19 huet. Zweetens kann deen Test wärend der Inkubatiounszäit vun der Krankheet negativ uweisen, also souguer wann d’Persoun ugestach gouf an d’Krankheet nach net richteg ausgebrach ass. An deem Fall géif deen Test eng "falsch Sécherheet" ginn.

Sollt een den Accès an d'Crèchen, d'Schoulen an d'Maison-relaise fir déi Kanner limitéieren, déi Unzeeche vun enger akuter Otemweesinfektioun opweisen, fir sech sou virun der Iwwerdroung vum neie Coronavirus ze schützen?

Am Krankheetsfall sollt e Kand generell net an d'Crèche, d'Schoul oder d'Maison-relais geschéckt ginn, dat onofhängeg vum Risiko, de COVID-19 ze iwwerdroen. Déi selwescht Precautioune gëlle wärend der gesamter Grippesaison: bleift doheem!

WÉI BEREET LUXEMBURG SECH VIR?

Eng Virbereedung op villen Ebenen

Een interministerielle Koordinatiounsgrupp plangt a preparéiert fortlafend Moossnamen, déi ze treffe sinn am Fall vun enger Infektioun mam COVID-19 fir esou ze garantéieren, datt de Virus sech net oder nëmme wéineg kann ausbreeden.

D'Gesondheetsautoritéiten hu Prozeduren opgestallt fir sech ëm Verdachtsfäll ze këmmeren an och d'Kontakter vun de Leit nozevollzéien. Dës Prozeduren goufen allen Dokteren e puer Mol matgedeelt. Den nationale Gesondheetslaboratoire ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun unerkannt fir de Virus ze diagnostizéieren. Den nationalen Déngscht vun den infektiéise Krankheeten am CHL ass dorobber virbereet fir eventuell Verdachtsfäll oder confirméiert Krankheetsfäll bei sech opzehuelen. D'Prozedure fir Leit ënner Quarantän ze stellen an d'Prozeduren, wéi d'Kontakter sech selwer iwwerwaache kënnen, goufe vun der Direction de la Santé definéiert a kënne séier vun der Inspection sanitaire ëmgesat ginn.

Lëtzebuerg huet och ee Stock vu spezielle Masken (FFP2) a vu chirurgesche Masken. Dës Maske si fir d'Fleegepersonal, dat an engem enke Kontakt steet mat Patienten, déi ënnert der Krankheet leiden, geduecht. Lëtzebuerg bedeelegt sech un engem gemeinsamen Akaf mat aneren EU-Memberlänner fir esou de Stock ze erweideren.

Een interministerielle Koordinatiounsgrupp plangt a preparéiert fortlafend Moossnamen, déi ze treffe sinn am Fall vun enger Infektioun mam COVID-19.

Wat mécht den Héije Kommissariat fir national Sécherheet?

Dat ofgeännert Gesetz vum 23. Juli 2016 iwwert d’Organisatioun vum Héije Kommissariat fir national Sécherheet iwwerdréit dësem d’Aufgab, e Konzept fir déi national Sécherheet auszeschaffen an ëmzesetzen. Dëst Konzept ëmfaasst, ënner anerem, d’Preventioun an d’Gestioun vu gréissere Krisen, also Evenementer déi:

  • liewenswichteg Interessien oder Besoinen vun der gesamter oder engem Deel vun der Bevëlkerung a Gefor bréngen;
  • dréngend Entscheedungen erfuerderen;
  • eng Koordinatioun vun den Aktioune vun der Regierung, den Administratiounen, Servicer an Organisme vum Staat op nationalem Niveau erfuerderen.
Wéi setzt sech de Krisestab zesummen?

Wann néideg, gëtt de Krisestab vum Premierminister aktivéiert a vum Héije Kommissariat fir national Sécherheet aberuff. De Virsëtz iwwerhëlt e Member vun der Regierung. Am Zenario vun enger Gesondheetskris huet de Gesondheetsministère de Virsëtz vum Krisestab. De Krisestab erméiglecht et, Vertrieder vun alle betraffenen Departementer, Administratiounen a Servicer vum Staat zesummenzebréngen.

Falls néideg kann de Krisestab bei senger Aarbecht duerch aner Unitéiten ënnerstëtzt ginn, wéi d’“Cellule administration et logistique“ ënnert der Responsabilitéit vum Chef d’Etat-major vun der Arméi, der "Cellule moyens de communication“ ënnert der Responsabilitéit vum Direkter vum Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE), oder d’"Cellule appui juridique“ ënnert der Responsabilitéit vun engem Vertrieder vum Justizministère.

Wat sinn d’Aufgabe vum Krisestab?

De Krisestab assuréiert déi politesch a strategesch Direktioun vu gréisse Krisen an en ass besonnesch zoustänneg fir:

  • d’Situatioun am Land ze analyséieren;
  • déi allgemeng Reaktiounsstrategie vum Staat festzeleeën;
  • all d’Moossnamen zur Bewältegung vun der Kris z’initiéieren, ze koordinéieren an hir Ausféierung sécherzestellen.
Wat ass d'Roll vun der Inspection sanitaire?
  • D'Inspection sanitaire ass eng Divisioun vun der Gesondheetsdirektioun. Hir Aufgabe sinn:
  • D'Sécherstelle vum Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet souwuel wat d'Hygiène vum Ëmfeld betrëfft wéi och d'Iwwerwaachen an d'Bekämpfe vun iwwerdrobare Krankheeten
  • D'Organisatioun vun de medezinesche Kontrolle vu Leit aus Drëttstaaten
  • Den Traitement vun Dossieren vu Leit aus dem Ausland, déi wëllen zu Lëtzebuerg behandelt ginn a wou d'Prise en charge net vun den Organisme vun der Sécurité sociale iwwerholl gëtt
  • Fir sech iwwer d'medezinesch Onbedenklechkeet vun Ausweisungen ze prononcéieren.
Firwat gi keng Kontrollen um Fluchhafe gemaach?

D'Weltgesondheetsorganisatioun gesäit keng zousätzleche Mesurë fir d'Fluchhäfe vir. An der Aviatioun si souwisou streng Prozeduren ze applizéieren. Wann den Equipage vun engem Fliger mierkt, datt ee Passagéier u Bord Symptomer weist, da gëtt dëst Fluchhafe gemellt nach éier de Fliger lant an eng medezinesch Equipe steet um Fluchhafe prett fir de betraffene Passagéier ze betreien. Déi aner Passagéier ginn, ofhängeg dovu wéi enk de Kontakt mam Patient war, vun der Inspection sanitaire betreit.

Sinn eis Spideeler a Gesondheetsdéngschter virbereet fir vill Patienten ze empfänken?

Jo, eis Spideeler si virbereet. Et gëtt ee spezielle Service fir d'Patienten, déi mam Corona-Virus infizéiert sinn, ze empfänken. Dëst ass de Service national des maladies infectieuses am CHL.

Ech organiséieren en Event oder eng Manifestatioun wou vill Leit wäerten zesummekommen. Et ass net ausgeschloss dass Persounen dorënner sinn, déi aus enger Risikoregioun kommen. Muss ech mäin Evenement dowéinst ofsoen?

Den Ament recommandéiert d'Directioun vun der Santé Evénementer mat 1.000 oder méi Léit ze verleeën oder ofzesoen. Et gi keng generell Restriktiounen a kee Verbuet fir zu Lëtzebuerg Evenementer ofzehalen, mee d’Directioun recommandéiert dës ze évaluéieren a proposéiert dofir en Outil, deen hëllefe kann de Risiko anzeschätzen.

Den Organisateur ass responsabel fir d’Sécherheet vun de Leit, déi um Evénement deelhuelen.

 

Recommandéiert d’Regierung den Entreprisen fir hier Aktivitéiten oder Visitten ze limitéieren wéinst der Situatioun, déi duerch de Coronavirus elo entstanen ass?

Neen, d’Regierung huet bis ewell keng esou eng Direktiv erausginn. Kommerziell oder touristesch Aktivitéiten a Visitten kënne weiderlafen wéi bis elo. Eenzeg d’Mesuren fir d’Leit a Quarantän ze setzen, déi vun der Direction de la santé decidéiert goufen, limitéieren eenzel kommerziell oder touristesch Aktivitéiten.

ROTSCHLÉI FIR REESEN

Wéieng sinn déi aktuell Risikogebidder?

Risikogebidder ginn definéiert als Zonen oder Regiounen an deenen eng diffus Iwwerdroung vum SARS-CoV-2 bannen der Communautéit nogewise gouf d.h. wou de Virus an der Populatioun zirkuléiert. 

Kontinent

Land

Asien

China (Kontinentalchina, Hong Kong, Macao)

Singapur

Japan

Südkorea

Mëttleren Osten

Iran

Europa

Italien: Lombardei, Venetien, Emilia Romagna, Piemont a Süd-Tirol

Frankräich: Oise, Haut-Rhin

Däitschland: Nordrhein-Westfalen, Baden-Württemberg

Kann ech an ee Risikogebitt reesen?

Evitéiert souwäit dëst méiglech ass an eng Risikogebitt ze reesen, also eng Géigend wou d'Epidemie am Gaang ass.

Wann Dir trotzdeem an esou eng Risikozon reest, da sidd Dir dem Risiko ausgesat Iech unzestiechen. Haalt Iech dofir souwuel un déi lokal Richtlinne wéi och folgend Rotschléi:

  1. Evitéiert de Kontakt mat Leit, déi krank sinn, speziell mat Leit, déi houschten
  2. Evitéiert Mäert a Plaze wou mat doudegen oder liewegen Déieren gehandelt gëtt
  3. Wäscht Iech reegelméisseg d'Hänn mat Waasser a Seef ODER benotzt een Desinfectant op Basis vun Alkohol
  4. Evitéiert de Kontakt mat Déieren, hire Sekreter an Exkrementer

Et ass méiglech, datt Är Reespläng doduerch ännere well verschidde Plaze riskéieren zougemaach oder ënner Quarantän gesat ze ginn.

Ech war an de leschte 14 Deeg an engem Risikogebitt an ech fille mech net gutt (Féiwer, Houscht, Otemproblemer). Wat muss ech maachen?

Wann Dir Symptomer weist (Féiwer, Houscht, Otemproblemer) an Dir waart an enger Risikozon, oder wann eng Persoun aus Ärem noen Ëmfeld krank ass an an enger vun dësen Zone war, da rufft d'Hotline 8002 8080 un an erkläert Ären Historique vun Ärer Rees an Är Symptomer.

Gitt net an eng Salle d'Attente sëtzen a gitt och net an d'Urgences. Fir ze verhënneren, datt Dir aner Leit ustiecht, ass et unzerode fir Ofstand zu deene Leit ze halen. Bedeckt Äre Mond an Är Nues mat engem Nuesschnappech, dat ee kann ewechgeheie wann Dir néitscht oder houscht. Geheit d'Nuesschnappecher an eng Dreckskëscht mat engem Deckel a wäscht Iech oft a richteg d'Hänn.

Ech weise Symptomer (Houscht, Féiwer, Otemproblemer), mä ech war an de leschte 14 Deeg net an engem Risikogebitt. Wat muss ech maachen?

Wann Dir net an enkem Kontakt mat enger kranker Persoun waart, déi a leschter Zäit an engem Risikogebitt war, da braucht Dir Iech net ze beonrouegen. Dir hutt warscheinlech eng saisonal Gripp. Gitt an deem Fall bei Ären Hausdokter.

Wann Dir aus engem Risikogebitt erëmkommt ouni Symptomer ze weisen, mä et kéint awer sinn, datt Dir geleeëntlech Kontakt mat infizéierte Persounen hat, da passt an de 14 Deeg no Ärem Retour op folgend Saachen op:
  • Iwwerwaacht all Dag d'Symptomer (Houscht, Otemproblemer)
  • Moosst d'Féiwer zweemol den Dag
  • Wäscht Iech oft a richteg d'Hänn
  • Evitéiert de Kontakt gebriechleche Persounen
  • Maacht Är üblech Aktivitéite virun
Ech war an enkem Kontakt mat infizéierte Persounen. Wat muss ech an de 14 Deeg no dësem Kontakt maachen, och wann ech keng Symptomer weisen?
  • Bleift doheem an evitéiert de Kontakt mat anere Leit
  • Rufft d'Hotline 8002 8080 un
  • Bleift erreechbar fir d'Inspection sanitaire

Dir hat enke Kontakt wann Dir:

  • Wann Dir mat engem Patient zesummegelieft hutt, wärend dëse Symptomer gewisen huet
  • Wann Dir den Ament, wou ee kranke Patient gehouscht oder genéitscht huet oder och wärend enger Diskussioun
  • Wann Dir Zäit mat engem Flirt verbruecht huet oder intime Kontakt mat enger Persoun hat
  • Mat Äre Schoulkomeroden oder Aarbechtskolleegen zesumme waart
  • Wann Dir am Fliger oder Zuch nieft engem kranke Patient souzt oder wann Dir an engem zouene Raum (wéi z.B. een Auto) mat engem Patient waart.
Kënne Kanner a Jugendlecher, déi aus engem Risikogebitt erëmkommen, an d'Schoul oder d'Crèche goen?

Sou wéi déi international Recommandatiounen et virgesinn, kënne Kanner a Jugendlecher, déi aus engem Risikogebitt erëmkommen ouni an enkem Kontakt mat enger kranker oder ustiechender Persoun gewiescht ze sinn a wa se keng Symptomer wéi Houscht, Féiwer oder Otemproblemer weisen, direkt zeréck an d'Schoul oder an d'Crèche.

Wann ee Kand oder ee Jugendleche banne 14 Deeg no sengem Retour dës Symptomer weist oder och an enkem Kontakt war mat enger kranker an ustiechender Persoun, da mussen d'Elteren d'Kand doheem versuergen, d'Inspection sanitaire kontaktéieren, iwwer den Historique vun der Rees an d'Symptomer informéieren. Den Dokter vun der Inspection sanitaire evaluéiert d'Situatioun an hëlt déi néideg Mesuren. Gitt net bei Ären Dokter oder an d'Urgencen.

Kënnen Erwuessener, déi aus engem Risikogebitt zeréckkommen, nees hirer berufflecher Aktivitéit nogoen?

Leit, déi aus engem Risikogebitt erëmkommen ouni do enke Kontakt mat enger kranker an ustiechender Persoun gehat ze hunn kënnen nees ufänke mat schaffe wa se keng typesch Symptomer (Houscht, Féiwer, Otemproblemer) weisen.

Wat maachen ech wann ech aus engem Risikogebitt erëmkommen a mäi Patron mech als Virsiichtsmoossnam freet fir doheem ze bleiwen?

Ee Patron kann duerchaus  säi Salarié als Virsiichtsmoossnam froe fir doheem ze bleiwen.

D'Absence, déi sech dorausser ergëtt, ass als Dispens vun der Aarbecht ze gesinn an dierf net als congé de recréation verrechent ginn. Et gëtt Iech geroden Äre Patron ze froe fir Iech schrëftlech matzedeelen, datt Dir sollt doheem bleiwen.

Fir all aner Froe an Zesummenhank mam COVID-2019, fannt Dir nëtzlech Informatiounen um Sitte vum Gesondheetsministère www.sante.lu/coronavirus , dem Centre européen de prévention et de contrôle des maladies (ECDC) www.ecdc.eu oder och um Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) www.who.int.

Aktualiséiert