-
Gratis PCR-Tester fir Persounen déi sech net impfe loosse kënnen
Fir et Leit, déi sech net impfe loosse kënnen, ze erméiglechen, weiderhi vu gratis PCR-Tester ze profitéieren, huet de Regierungsrot decidéiert, fir en neie geziilten Testprogramm mat "COVID-19 PCR-Test-Bongen" anzeféieren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. September
An der Woch vum 13. op den 19. September ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 542 stabel bliwwen, géintiwwer 553 an der viregter Woch (-2%), wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.477 op 1.857 geklommen ass (+28%).
-
Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg
Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune vun 12 Joer oder méi gëllen, wann dës mam Flieger op Lëtzebuerg fléien, bis den 18. Oktober inclus verlängert goufen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis den 12. September
An der Woch vum 6. bis den 12. September, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 573 op 553 (-4%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.112 op 1.477 eropgaangen ass (+33%).
-
Zousätzlech COVID-19-Impfdosis no Éischtimpfung fir eeler Leit an Dialys-Patienten
No de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 7. September 2021, kënnen eeler Persounen, Bewunner aus Fleegestrukturen an Dialys-Patienten eng 3. Impfdosis ("Booster") géint de Coronavirus kréien.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 30. August bis de 5. September
An der Woch vum 30. August bis de 5. September, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 542 op 573 (+6%) geklommen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.514 op 1.112 erofgaangen ass (-27%)
-
De Claude Meisch an d'Paulette Lenert stellen déi sanitär Mesuren an de Schoule vir
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert stellen déi sanitär Mesurë vir, déi fir d'Rentrée 2021-22 géint d'Verbreedung vum COVID-19 an de Schoulen agefouert ginn. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. August
An der Woch vum 23. bis den 29. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 440 op 542 (+23%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.514 Fäll géintiwwer 887 an der Woch virdrun (+71%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. August
An der Woch vum 16. bis den 22. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 295 op 440 (+49%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 887 Fäll géintiwwer 831 an der Woch virdrun (+7%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. August
An der Woch vum 9. bis de 15. August a fir déi 6. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 404 op 295 (-27%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 831 Fäll géintiwwer 1.379 an der Woch virdrun (-40%).
-
Impfung ouni Rendez-vous an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg ab dem 16. August 2021
No dem grousse Succès vun de spontanen Impf-Aktiounen am Kader vum "Impf-Bus on tour", dee vun de mobillen Ekippe vun der Gesondheetsdirektioun organiséiert gouf, wäert et an Zukunft och méiglech sinn, sech ouni Rendez-vous am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg impfen ze loossen. Dat ab dem 16. August.
-
COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. August
An der Woch vum 2. bis den 8. August a fir déi 5. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vu 439 op 404 (-8%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.379 Fäll am Verglach zu 1.065 Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass (+23%).
-
Pressekonferenz: Informatiounen zu der aktueller COVID-19-Situatioun
Am Kader vun der Pressekonferenz gëtt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert Informatiounen zu der aktueller sanitärer Situatioun. De Livestream fänkt géint 09:30 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. Juli bis den 1. August
An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August a fir déi 4. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 566 op 439 (-22%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.065 Fäll géintiwwer 1.599 an der Woch virdrun (-33%).
- Éischt Säit
- ...
- 12
- 13
- 14
- 15
- 16
- ...
- Lescht Säit