Ried vum Étienne Schneider am Kader vum 20. Anniversaire vum Centre François Baclesse

Am Kader vum 20. Anniversaire vum "Centre de radiothérapie François Baclesse" zu Esch-Bleval huet den, Gesondheetsminister, Étienne Schneider, folgend Ried gehalen. 

 

Altesse royale, Monseigneur,

Eng Kriibs-Krankheet stellt eng wichteg Erausfuerderung duer. An éischter Linn fir de Patient a seng Famill, mee och fir déi medezinesch Prise en Charge. Duerch Är Präsenz ënnersträicht Dir net nëmmen Ären Intérêt fir d'Santé publique, mee honoréiert gläichzäiteg all déi Patienten, déi hei am Centre François Baclesse di läscht 20 Joer sou gutt a sou professionell behandelt gi sinn. An dofir e ganz häerzleche Merci!

 

Här President,
Här Generaldirekter,
Léif Mataarbechter vum Centre Baclesse,
Dir Dammen an Dir Hären,

 

Den Centre Baclesse huet vun Ufank un eng Virreider Roll hei am Land gespillt, an ass haut, als Nationalen Center, e wichtege Pilier vun der ëffentlecher Gesondheetsversuergung vu Patienten, déi eng Stralentherapie brauchen.

An den CFB leescht doriwwer eraus nach vill méi:

Fir sengem eegenen Usproch gerecht ze ginn, gëtt hei net nëmmen eng ëmfaassend Versuergung vun de betraffenen Patienten an hire Familljen garantéiert, déi esouwuel de medezinesche Standarden wéi och den héichen Qualitéits- a Secherheets-Standarden entsprécht, nei Technologien applizéiert an e besonnesche Fokus op seng mënschlech culture d'entreprise, op Vertrauen an Transparenz leet. Den CFB huet och eng ausgeprägten Qualitéits- a Secherheetskultur.

Den Centre François Baclesse kann doduerch och eng ganz Rei Verdéngschter opweisen, vun deenen ech der hei e puer wëll erviirhiewen: 

  • 2018 gëtt den CFB unerkannten Centre d'excellence no AIEA (Agence Internationale de l'Energie Atomique), d.h. en huet  Modellcharakter, ass Ausbildungs- an wëssenschaftlechen Zentrum mat enger erhéichter Behandlungseffizienz.
  • 2018: krut den CFB de Luxembourg Health Care Award fir d'Fleege-Équip an hiren Engagement am Projet vun der Hypnose an der Angscht- an Schmäerzbekämpfung.
  • Zënter 2017 ass et en ausgewiesenen Prostata-karzinom-Center (no de Kritären vun der Däitscher Kriibsgesellschaft).
  • Am Mee 2017 gouf eng Konventioun iwwer Protonentherapie mam Institut Cancérologie de Lorraine ënnerschriwwen, fir z.B. d'Bestralung vun Tumeuren vum Aen a speziellen Tumeuren bei Kanner a Jugendlechen virzehuelen.
  • Den CFB war e wichtege Partner wéi mer den 1. Nationalen Kriibsplang 2014 – 2018 op d'Bee gestallt hunn, an ass et och fir den 2. .
  • Donieft bedreiwt den Centre Baclesse aktiv Fuerschung am Beräich vun der Onkologie: esouwuel intern wéi och regional an op europäischem Niveau (Projekt INTERREG V A).

Bref: de Centre François Baclesse ass e Musterbeispill hei am Land an iwwert eis Grenzen eraus!

Duerfir wëll ech op dëser Platz dem Center a senge Mataarbechter meng gréissten Unerkennung a mäin déifste Respekt, virun allem am Numm vun de Patienten, ausdrécken.

 

Monseigneur, Dir Dammen an Dir Hären,

Wat sinn d'Erausfuederungen fir d'Zukunft?

D'Medezintechnologie avancéiert mat risege Schrëtt. Ech deelen duerfir d'Visioun vum CFB bis 2022:

  • E verlässleche Radiotherapiezentrum ze sinn, deen national wéi regional, en zentrale Motor ass an der onkologescher Versuergung an an der klinescher Fuerschung;
  • An en respektéierten Center ze sinn, deen d'Wuelbefannen an d'Kompetenzen vun senge Mataarbechter fördert, net zu Lescht, fir duerch dës Implikatioun de grousse Verännerungen - wéi dem Wiessel an der Direktioun an dem Plënneren an d'Südspidol - mat Succès ze begéinen.

Heimat wëll ech iech jiddefalls elo schonn meng absolutt Ënnerstëtzung zousoen a wënschen iech eng gutt Réussite.

Der ganzer Équipe vum CFB soen ech nach emol mäin ausdréckleche Merci!

Stellvertriedend fir si all, geet mäin besonnesche Merci un den Dr Nathan a speziell un den Dr Untereiner, deen et duerch säin onermittlechen Asatz a seng Motivatioun mat senger ganzer Équipe fäerdeg bruecht huet, den CFB zu engem "lieux-phare" an  der Radiotherapie ze maachen.

Heivunner konnt ech mech net méi spéit wéi haut de Mëtten bei menger Visite perséinlech iwwerzeechen.

Domat wënschen ech iech alles Guddes fir den 20. Gebuertsdag, an nach vill weider Joeren am Interessi vum Patient.

Aktualiséiert