Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis 26. Mäerz 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza).

COVID-19

An der Woch vum 20. bis den 26. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.549 erof, par Rapport zu 1.767 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 12,3% ausmécht. Vun all de positiv geteste Persounen, si 58,2% Re-Infektiounen, géintiwwer 56,2% an der Woch virdrun.

Et gouf 6 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Wärend dëser Woch goufen an der Moyenne 19 Patienten déi positiv op de COVID-19 getest goufen, pro Dag an d'Normalfleeg agewisen, par Rapport zu 17 an der Woch virdrun. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer. 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 20. bis de 26. Mäerz 2023, goufen am Ganzen 72 Dosissen aginn. 7 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3 kruten déi 2. Dosis, 10 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 42 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 10 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 28. Mäerz 2023 op 1.293.260.

474.993 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert déi rekombinant Variant XBB.1.5 a representéiert 50,0% an der Woch 11 (50,0 % an der Woch 10). D'rekombinant Variant XBB.1.9, déi di zweetheefegst Variant ass, representéiert 24,6% an der 11. Woch (20,0% an der 10. Woch). 

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 20. bis den 26. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 550 op 467 erof, wat e Réckgang vu 15,1% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS)  https://lns.lu/publications/

Ab dem 1. Abrëll 2023, gëtt de Wocheréckbléck nëmmen nach a vereinfachter Form publizéiert

Nodeems rezent d'Gesetz iwwer d'Modifikatioun vum geännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwer d'Mesurë géint d'COVID-19-Pandemie ugeholl gouf an d'Decisioune vum Regierungsrot betreffend der Iwwerwaachung vun der COVID-19 Epidemie, wäert de Wocheréckbléck ab nächster Woch just nach a vereinfachter Form iwwert d'Evolutioun vun den Infektioune vun den Otemweeër informéieren a nëmmen nach COVID-19- oder Grippeninfektiounszuele kommunizéiert.

Op der Websäit https://covid19.public.lu/lb.html ginn och d'Grafiken an déi deeglech Zuelen net méi aktualiséiert.

De Rapport iwwert d'Ofwaasseriwwerwaachung zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 gëtt net méi publizéiert.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert