Verhütungsmëttel ginn ab dem 1. Abrëll zu 100% an ouni Altersbegrenzung rembourséiert

Déi verschidde juristesch Instrumenter am Zesummenhang mat Verhütungsmëttel, déi d'Ëmsetzung vum Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang erméiglechen, wäerten ab dem 1. Abrëll 2023 a Kraaft trieden.

Ab dësem Zäitpunkt wäerten d'Käschte fir déi an der Konventioun virgesinne Verhütungsmëttel zu 100% an ouni Altersbegrenzung rembourséiert.

"D'Gratuitéit vun de Verhütungsmëttel ass een erfollegräiche Projet, deen Deel vun der universeller Gesondheetsversuergung ass, déi am Koalitiounsaccord 2018-2023 virgesinn ass. Dëse Règlement grand-ducal wäert jidderengem den Zougang zu de senger entspriechender Situatioun passende Mëttel fir d'Familljeplanung, zu sécheren, wierksamen a qualitativ héichwäertege Gesondheetsservicer an essentiele Medikamenter erméiglechen", freet sech d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Laut dem Europäesche Verhütungsatlas vun 2023 läit Lëtzebuerg mat engem Wäert vun 82,5% op der 4. Plaz, no England (96,9%), Frankräich (93,2%) an der Belsch (91,1%). D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount: "Mat der Introduktioun vun der Gratuitéit wäert Lëtzebuerg sech nach besser positionéiere kënnen.

Folgend Verhütungsmëttel sinn an der Konventioun virgesinn:

  • Oral Östrogeen-Gestagen-Preparater fir ze verhüten (Antibabypëll);
  • transdermal Östrogeen-Gestagene fir ze verhüten (Verhütungsplooschter);
  • vaginal Östrogeen-Gestagene fir ze verhüten (Verhütungsréng);
  • oral Gestagen-Preparater fir ze verhüten (Minipëll);
  • Gestagene fir eng Injektioun fir ze verhüten (Verhütungssprëtz)
  • hormonell Noutfallverhütung (Pëll duerno)
  • Gestagene fir ze verhüten fir ënnert d'Haut (Verhütungsimplantat)
  • Verhütungsmëttel fir an d'Gebärmutter anzesetzen (Spiral);
  • Ënnerbanne vun den Eileiter als permanent Verhütung (Sterilisatioun)
  • Agrëff um Samenleiter fir eng permanent Verhütung beim Mann (Vasectomie);

Dës Weidere brauch een am Noutfall keng Ordonnance fir de Remboursement vun der Pëll duerno an enger ëffentlecher Apdikt.

"Mam 100% Remboursement ouni Altersbegrenzung ass den universellen Zougang zu Verhütungsmëttel fir Fraen a Männer elo eng Realitéit", freet sech de Claude Haagen Minister fir sozial Sécherheet.

Sämtlech nei an duerch dat groussherzoglecht Reglement geännert Akte ginn zu 100% iwwer de Staatsbudget finanzéiert.

 D'Gratuitéit vun de Verhütungsmëttel betrëfft allerdéngs net d'Kondomer fir Männer, dat ee wäit verbreet a wichtegt Verhütungs- a Präventiounsmëttel ass, well et viru sexuell iwwerdrobaren Infektioune schützt.

De Gesondheetsministère stellt allerdéngs an enker Zesummenaarbecht mat sengem Partner "HIV Berodung" vum Roude Kräiz Kondomer am Self-Service op verschiddene Plazen zur Dispositioun, déi a véier Regioune vum Land verdeelt sinn: déi verschidde Raimlechkeete vum Service "HIV Berodung", de schwul-lesbeschen Informatiounszenter (CIGALE), am Kader vum DIMPS (mobille Service); Xchange/MOPUD (mobille Präventiounsservice fir Drogekonsumenten), d'Zentere vum Planning Familial, de CHL a verschidden Associatiounen, déi am Beräich vun der affektiver a sexueller Gesondheet aktiv sinn.

De Gesondheetsministère stellt ausserdeem Kondomautomate fir Schoulen zur Verfügung a schafft aktuell un engem Konzept, fir Kondomer gratis zur Dispositioun ze stellen.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert