Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis de 19. Februar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 13. bis de 19. Februar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 837 erof, par Rapport zu 908 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 7,8% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 50,2% Re-Infektiounen, géintiwwer 50,0% an der Woch virdrun.

Et gouf 1 weideren Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 88 Joer.

An de Spideeler goufen et 11 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 13 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 13. bis de 19. Februar 2023 goufen am Ganzen 108 Dosissen aginn. 1 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2 kruten déi 2. Dosis, 23 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 76 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 6 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 20. Februar 2023 op 1.293.137.

Et ass wichteg unzemierken, datt een technesche Feeler bei der Iwwermëttlung vun den Zuele vum Impfschema vun der Woch vum 6. bis den 12. Februar opgetrueden ass. Des Zuele beinhalten och Persounen déi net zu Lëtzebuerg wunnen.

D'Zuele vun dëser Woch bezéien sech awer nëmmen op Residenten.

474.965 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert déi rekombinant Variant XBB.1.5 a representéiert 34,5% an der Woch 6 (29,8 % an der Woch 5). D'Varianten Omicron BQ.1 representéiert 30,0% an der Woch 6 (42,7% an der Woch 5)

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 6. Woch an der 7. Woch vum Joer 2023 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Insgesamt geet den Trend éischter an d'Richtung vun enger Stabiliséierung vun deenen observéierte SARS-Cov-2-Stréim, woubäi d'Kontaminatiounsniveaue mat deene vun den éischte Woche vum Joer 2023 vergläichbar sinn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 13. bis de 19. Februar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 240 op 242 erop, wat eng Augmentatioun vu 0,8% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert