Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis de 12. Februar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 6. bis de 12. Februar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 908 erop, par Rapport zu 835 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vu 8,7% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 50,0% Re-Infektiounen, géintiwwer 50,7% an der Woch virdrun.

Et gouf 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 86 Joer.

An de Spideeler goufen et 13 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 5 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 6. bis de 12. Februar 2023 goufen am Ganzen 320 Dosissen aginn. 3 Persoune kruten eng 1. Dosis, 9 kruten déi 2. Dosis, 37 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 261 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 10 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 13. Februar 2023 op 1.293.101.

487.960 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Fermeture vum Pop-up-Impfzenter zu Esch-Belval

De Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack mécht seng Diere den 17. Februar 2023 ab 16:00 Auer zou.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert d'Variant Omicron BQ.1 a representéiert 42,7% an der 5. Woch (40,3% an der 4. Woch). Déi rekombinant Variant XBB.1.5 representéiert 29,8% an der Woch 5 (18,4% an der Woch 4).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 21. Februar 2023 virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 6 an 7.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 6. Januar bis de 12. Februar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 211 op 237 erop, wat eng Augmentatioun vu 12,3% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.    

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert