Weltkriibsdag: Preventiounsbeméiunge weiderféieren an d'Prise en Charge verbesseren

De 4. Februar ass Weltkriibsdag. Dësen Dag gouf vun der internationaler Organisatioun "Union for International Cancer Control" (UICC) an d'Liewe geruff mam Zil fir dës Krankheet ze sensibiliséieren, déi hautdesdaags déi zweetheefegsten Doudesursaach op der Welt ass.

Zu Lëtzebuerg ginn all Joer ronn 3.000 nei Kriibsfäll diagnostizéiert an 1.000 Persoune stierwen un dëser Krankheet. Bei de Männer ass den heefegste Kriibs Longe-, Prostata oder Daarmkriibs, bei de Fraen ass et Broscht-, Longe- oder Daarmkriibs.

Kriibsfréierkennung: Risikofacteure reduzéieren a sech teste loossen

Allgemeng dréit eng gutt Liewenshygiène dozou bäi de Risiko vun enger Kriibserkrankung zu reduzéieren. Esou recommandéiert d'Gesondheetsdirektioun folgend Gewunnechten:

  • net fëmmen,
  • keen Alkohol drénken,
  • wéineg rout Fleesch (max. 500g/Woch) a Charcuterie (max. 150g/Woch) iessen,
  • all Dag Uebst a Geméis iessen,
  • sech reegelméisseg beweegen an Iwwergewiicht vermeiden.

Méi spezifesch Preventiounsmoossname wéi sech impfen an teste loossen, ginn och nach recommandéiert.

Wat déi éischt Mesure ugeet, esou gëtt hei empfuele sech géint de Papillomavirus impfen ze loossen. Dëst kann ënner anerem Kriibs vum Gebärmutterhals, Anus, Oropharynx, Penis, Vulva, Vagin verhënneren. Eng Impfung géint d'Hepatite B reduzéiert de Risk vu Liewerkriibs.

A Punkto zweet Mesure erméigleche reegelméisseg Tester Kriibszorten ze erkenne bei deenen d'Behandlung, wa se an engem fréie Stadium vun der Krankheet ufänkt, nach méi effizient ass. Zu Lëtzebuerg huet d'Gesondheetsdirektioun zwee Screening Programmer fir Broschtkriibs an Daarmkriibs agefouert.

De Koordinatiounszentrum fir Screening Programmer fir Kriibs, deen zum Departement vun der Preventivmedezin an der ëffentlecher Gesondheet vun der Gesondheetsdirektioun gehéiert, ass am Gaangen d'Aféierung vun 4 neie Screening Programmer z'iwwerpréiwen, déi vun der europäescher Kommissioun recommandéiert goufen: Mokriibs, Prostatakriibs, Gebärmutterhalskriibs a Longekriibs. Duerch dës Tester kéint d'Kriibsstierflechkeet zu Lëtzebuerg ëm mindestens 50% reduzéiert ginn.

Moossname géint de Kriibs zu Lëtzebuerg: den zweeten nationale Kriibsplang (Plan national cancer - PNC2) 2020-2024

"An eise Gesellschafte stellt Kriibs eng reell Erausfuerderung am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet duer. Fir dës Krankheet besser de bekämpfen, gouf en zweete Kriibsplang en Place gesat, deen sech iwwer d'Period 2020-2024 erstreckt", esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Den zweeten nationale Kriibsplang 2020-2024 (PNC2) kënnt elo 2022 a säin zweet Ëmsetzungsjoer. Duerch den Engagement vun den Institutiounen, sämtleche Personal aus dem Gesondheetssecteur an de Patienten déi an deene verschiddene spezifesche Beräicher an Aarbechtsgruppe vertruede sinn, konnten esou scho verschidden Aktiounen a Projeten ëmgesat ginn.

Ënnert den Theemen déi behandelt goufen, stoung d'Accessibilitéit an d'Prise en Charge vu Persounen am héijen Alter, vun der Onkopediatrie bis zur Onkogeriatrie, am Mëttelpunkt. Esou gëtt engersäits beim PNC2 vill Wäert op d'Betreiung vu Kanner a Jugendleche geluecht. Anerersäits gouf am Kader vum PNC2 déi éischt Konferenz zum Theema Onkogeriatrie organiséiert, fir esou de Grondsteen fir déi ambitiéis Erausfuerderung am Beräich vun der Betreiung vun eelere Kriibspatienten ze leeën.

Déi translational Fuerschung (Fuerschung fir d'Ëmsetzung vu wëssenschaftlechen Entdeckungen a medezinesch Behandlungen) gëtt och staark ënnerstëtzt, fir esou d'Verbindungen tëschent der Recherche fondamentale an der klinescher Fuerschung ze verbesseren, a Richtung vun enger Medezin, déi méi staark um Patient orientéiert ass. Weider Informatiounen zu dësem Thema ginn et um Site vum Centre national de recherche translationnelle sur le cancer (NCTCR), dee vum PNC2 ënnerstëtzt gëtt: https://nctcr.lu/fr/.

Doriwwer eraus gouf eng national Etude mam Numm Colive Cancer lancéiert mam Zil d'Patienten op der ganzer Wäertschöpfungsketten ze befroen, fir esou op Basis vun zouverlässegen, aktuellen a landeswäiten Donnéeë Moossnamen ze identifizéieren an ze verdäitlechen. D'Etude Colive Cancer gëtt vum PNC2 finanzéiert a recommandéiert Persounen, déi u Kriibs erkrankt sinn dorunner deelzehuelen. De Questionnaire fannt Dir ënner https://www.colivecancer.lu/.

Mat engem Partner wéi dem Institut National du Cancer (INC) ass et och eng Ambitioun vum PNC2 europäesch Initiativen z'ënnerstëtzen un deene Lëtzebuerg deelhuele kann, wéi zum Beispill d'Joint Action CraNe, mat ënner anerem d'Zil e nationale Reseau für Longekriibs anzeriichten.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert