E neien, eenheetlechen a neutrale Carnet de santé

Ab dem 1. Februar 2023 kritt de Carnet de santé en neit Ausgesinn. Den neie Carnet de santé, dee vun der Gesondheetsdirektioun ausgeschafft gouf, ass Deel vun enger Politik déi méi Neutralitéit a Gläichheet tëschent Meedercher a Jonge fërdere soll. Dëst gëtt erreecht duerch méi neutral Faarwen an duerch d'Zesummefaasse vu medezineschen Informatiounen, déi esou wuel Meedercher ewéi och Jonge betreffen an déi fir de medezinesche Suivi vun der Entwécklung vum Kand wichteg sinn.

Firwat de Gesondheetspass esou wichteg ass

Mat der Verëffentlechung vun engem neien, eenheetlechen an neutrale Gesondheetspass ass et wichteg nach eng Kéier dorunner ze erënneren, firwat dëst Dokument esou wichteg fir d'Iwwerwaachung vun der Gesondheet vum Kand ass.

An dësem Dokument sinn all Informatiounen iwwer d'Gesondheet vun engem Kand vun der Gebuert un zesummegefaasst, wéi z.B. Wuestumscourben an d'Entwécklung vum Gewiicht, d'Rendezvouse beim Dokter an deenen éischte Liewensjoren oder och nach den Impfkalenner.

En ass domadder e wichtegt Element am Kader vum reegelméissegen Dialog tëschent de Familljen an dem Gesondheetspersonal, déi an der Preventioun an der Fleeg vum Kand bedeelegt sinn.

Esou sollen déi legal Vertrieder vun engem Kand bei enger Visitt beim Dokter oder soss enger Persoun aus dem Gesondheetsberäich de Carnet de Santé bei sech hunn. Matt dësem Heft huet d'Gesondheetspersonal all déi néideg Informatiounen iwwert d'Gesondheet vum Kand.

Weider Informatiounen iwwer d'Gesondheet vum Kand fannt Dir ënnert der Rubrik "petite enfance": sante.lu/petiteenfance.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert