Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. Januar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 2. bis den 8. Januar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 568 erof, par Rapport zu 777 an der Woch virdrun.

Dobäi komme 431 Re-Infektiounen, dat sinn 43,1% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 499 (39,1%) an der Woch virdrun.

Et gouf 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 23 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 30 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 5. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 70 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 2. bis den 8. Januar 2023, goufen am ganzen 699 Dosissen aginn. 6 Persoune kruten eng 1. Dosis, 12 kruten déi 2. Dosis, 76 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 581 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 23 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 10. Januar 2023 op 1.292.815.

474.913 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Fir den Zougang zu der Impfung z'erliichteren, gëtt ëmmer Freides, an dat bis de 17. Februar 2023, vun 10:00 bis 16:00 Auer, am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up Impfzenter opgemaach.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéieren d'Varianten Omicron BQ.1  a representéieren 75,1% an der Woch 52 (68,7% an der Woch 51). Déi rekombinant Variant XBB representéiert 4,7% an der Woch 52 (7,6% an der Woch 51).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 51. Woch vum Joer 2022 an an der 1. Woch vum Joer 2023 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Déi aktuell Tendenz weist éischter no ënnen, mat engem Réckgang vum Genom vun de SARS-COV-2-Stréim, déi am Laf vun de leschten dräi Woche gemooss goufen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 2. bis den 8. Januar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 911 op 491 erof, wat e Réckgang vu 54% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. En éischte Pic vun der Grippenepidemie schéngt domadder erreecht ginn ze sinn.  

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert