COVID-19-Well a China: Erhéicht epidemiologesch Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg vum 9. Januar 2023 un

Wéinst der schneller Hausse vun Infektioune mam SARS-CoV-2-Coronavirus a China säit Dezember 2022, informéieren de Gesondheetsministère an den Aussen- an Europaministère d'Populatioun iwwert déi erhéichten epidemiologesch Iwwerwaachung, déi vum 9. Januar 2023 un bis de 5. Februar 2023 inclus fir all Reesen aus der Volleksrepublik China op Lëtzebuerg gëlle wäerten.

Dëst geschitt ënner Uwendung vun der Stellungnam vum Comité fir Gesondheetssécherheet um Niveau vun der europäescher Unioun, déi de 5. Januar 2023 [1] verëffentlecht gouf an eng koordinéiert europäesch Approche definéiert, progressiv an Etappen, a proportionell a Funktioun vun der sanitärer Menace.

All Persoun, déi an de 14 Deeg virum Arrivée zu Lëtzebuerg a China gewiescht sinn, mussen hir Presenz bei der Gesondheetsinspektioun mellen: contact-covid@ms.etat.lu oder iwwer Telefon: +352 247-65533. Betraffe Persoune ginn nom Zoufallsprinzip ausgewielt a gefrot fir e gratis Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA (PCR, TMA oder LAMP) ze maachen. Am Fall vun engem positive Resultat gëtt d'Prouf un de Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) weidergeleet fir d'Sequenzéierung duerchzeféieren an esou déi viral Variant / Subvariant ze bestëmmen. Esou kann eng méiglech Aféierung vun enger neier Virusvariant an d'Land fréizäiteg festgestallt ginn.

Dës Test-Obligatioun gëllt fir all Persoun, déi sech 14 Deeg virun hirer Arees op Lëtzebuerg, a China opgehalen huet, an dëst onofhängeg vum Transportmëttel a vun der Dauer vum Openthalt a China oder zu Lëtzebuerg. Persounen, déi am Transportsecteur schaffen, sinn allerdéngs bei der Ausféierung vun hirer Tätegkeet vun dëser Moossnam befreit, genausou wéi Passagéier, déi sech am Transit befannen.

Dës Moossnam ass als komplementar zu de Moossnamen ze verstoen, déi schonn op internationale Fluchhäfen an EU-Länner a Kraaft sinn, déi direkt kommerziell Flich aus China offäerdegen.

Parallel dozou verstäerkt d'Gesondheetsdirektioun zesumme mam Luxembourg Institute for Science and Technology (LIST) a mam LNS, d'Iwwerwaachung vum Ofwaasser, besonnesch vum Fluchhafen zu Lëtzebuerg. Dëst huet d'Zil fir eng méiglech Virusvariant, déi vun engem Passagéier matbruecht gouf, fréizäiteg ze erkennen.

D'Recommandatioune vum Gesondheetsministère fir Reesender vun an aus China stinn op folgender Internetsäit: https://covid19.public.lu/fr/voyageurs/voyager-chine.html

[1] Opinion of the Health Security Committee for a common EU approach in response to the COVID-19 situation in China, 5 January 2023, DG-Santé/Commission Européenne

Communiqué vum Gesondheetsministère/ Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert