COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Dezember 2022

An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.464 erop, par Rapport zu 1.440 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 1.110 Re-Infektiounen, dat si 43,1% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 980 (40,5%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 12. bis den 18. Dezember duerchgefouert goufen, ass vu 8.595 op 9.098 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod hu 42 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.855. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 18. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 3.445 geklommen, am Verglach zu 3.217 den 11. Dezember, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 304.866 op 306.097 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 46,8 Joer.

An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember, goufen et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 79 Joer.

An de Spideeler goufen et 39 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 26 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 60 Joer. 

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,98 géintiwwer 1,16 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 16,09%, géintiwwer 16,75% an der Woch virdrun, gefall.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 227 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 223 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 404 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 784 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA)

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux no Alterstranche mat abegraff (Quell INSA).

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et bei der Altersgrupp vun 0-9 Joer, mat 115 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 80+ Joer mat 874 Fäll pro 100.000 Awunner.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember 2022 goufen am Ganzen 1.105 Dosissen aginn: 15 Persoune kruten eng 1. Dosis, 10 kruten déi 2. Dosis, 101 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 933 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 46 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 19. Dezember op 1.292.614.

474.884 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Schléissung vum Impfzenter Victor Hugo vum 24.12.2020 bis den 02.01.2023.

Den Impfzenter Victor Hugo bleift vum 24. Dezember 2022 bis den 2. Januar 2023 zäitweileg zou.

Ouverture vun engem Pop-up-Impfzenter zu Esch-Belval den 23. Dezember 2022.

Fir et méi einfach ze maache sech impfen ze loossen, gëtt freides, den 23. Dezember 2022 am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up-Impfzenter opgemaach.

En ass ëmmer freides vun 10:00 bis 16:00 Auer op. Freides, den 30. Dezember 2022 bleift de Pop-up ausnamsweis zou. 

Impfméiglechkeeten

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 49. an der 50. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. An der 50. Woch gouf eng däitlech Tendenz no uewe vun de Genom-Stréim vum de SARS-CoV-2 festgestallt.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

 

Aktualiséiert