COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis 16. Oktober 2022

An der Woch vum 10. bis de 16. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 2.855 erop, par Rapport zu 3.004 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 1.079 Re-Infektiounen, dat sinn 27,4% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 1.246 (29,3%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 10. bis den 16. Oktober duerchgefouert goufen, ass vun 10.274 op 10.063 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 46 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 38 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufe bei 3617. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 16. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 6.258 geklommen (am Verglach zu 5.688 den 9. Oktober), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 288.991 op 291.250 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass 46,6 Joer.

An der Woch vum 10. bis den 16. Oktober, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. 

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 88 Joer.

 

An de Spideeler goufen et 27 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 27 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 3. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 66 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,01 ( géintiwwer 1,10 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 28,37%, géintiwwer 29,24% an der Woch virdrun, eropgaangen.%.

 

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 442 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 465 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

 

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen erofgaangen ausser bei der Altersgrupp vu 75+ Joer (+ 18%) a bei der Altersgrupp vu 45-59 Joer ( + 1%). Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 190 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 1.252 Fäll pro 100.000 Awunner.

 

Kontaminatiounen

Vun den 4.297 Fäll, déi an der Woch vum 10. bis 16. Oktober 2022 enregistréiert goufen, goufe 1.003 Fäll (25%) analyséiert an d'Source ermëttelt.

 

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 22% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (8%), d'Educatioun (8%) an d'Aarbecht (12%).

 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 10. bis den 16. Oktober goufen am Ganzen 2.951 Dosissen aginn. 24 Persoune kruten eng 1. Dosis, 35 kruten déi 2. Dosis, 185 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 2.609 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 97 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 16. Oktober op 1.291.194.

 

474.718  Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

E Passage vum Impf-Bus ass e Méinden, de 24. Oktober 2022 vunn 11:00 bis 17:00 Auer am Centre Hospitalier du Nord (CHdN), 20 avenue Lucien Salentiny, L-9080 Ettelbruck, virgesinn.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en.  

 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 25. Oktober virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 40 an 41.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert