COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis den 9. Oktober

An der Woch vum 3. bis den 9. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 3.004 erop, par Rapport zu 2.324 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 1.246 Re-Infektiounen, dat sinn 29,3% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 876 (27.4%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 3. bis den 9. Oktober duerchgefouert goufen, ass vun 8.796 op 10.274 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 38 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 35 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufe bei 3.571. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 9. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.666 geklommen (am Verglach zu 3.965 den 2. Oktober), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 287.692 op 288.991 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 45,2 Joer.

An der Woch vum 3. bis den 9. Oktober, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 69 Joer.

An de Spideeler goufen et 26 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 14 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 60 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,10 géintiwwer 1,31 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 29,24%, géintiwwer 26,42% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 465 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 360 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen eropgaangen, ausser bei der Altersgrupp vu 5-9 Joer (-45%). Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vun 90+ Joer (+115%) a vun 85-89 Joer (+66%).

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 217 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 1.231 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Vun den 4.297 Fäll, déi an der Woch vum 3. bis 9. Oktober 2022 enregistréiert goufen, goufe 612 Fäll (14%) analyséiert an d'Source ermëttelt. ​ De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 20% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (11%) an d'Educatioun (6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (45%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 3. bis den 9. Oktober goufen am Ganzen 2.117 Dosissen aginn. 10 Persoune kruten eng 1. Dosis, 26 kruten déi 2. Dosis, 123 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.904 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 54 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 9. Oktober op 1.290.961.

474.681 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Reouverture vum Impfzenter Esch-Belval

Fir d'Bevëlkerung sou gutt wéi méiglech op eventuell Infektiounswellen am Hierscht a Wanter virzebereeden, mécht d'Lëtzebuerger Regierung den Impfzenter zu Esch-Belval ab dem 13. Oktober 2022 nees op. Den Impfzenter ass Dënschdes bis Freides vu 07:00 bis 19:00 Auer a Samschdes vu 07:00 bis 13:00 op.

Nieft den Impfzenteren, ass et méiglech sech an Dokteschpraxissen oder Apdikten, déi un der Impfcampagne deelhuelen, souwéi am Impfbus impfen ze loossen. D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 39. an der 40. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. De Kontaminatiounsniveau am Ofwaasser mam SARS-CoV-2 ass op en Neits an der 39. Woch liicht an d'Luucht gaangen, fir an der 40. Woch dann erëm e bëssen erofzegoen. Dës ofsteigend Tendenz ass awer mat Virsiicht ze betruechten, well et vill am Laf vun der 40. Woch gereent huet. Dëst kéint eng Verwässerung vum Signal vum SARS-CoV-2 mat sech bréngen. Op regionalem Niveau, bleiwen d'Kontaminatiounsniveaue mam SARS-CoV-2 éischter stabel, mat Tendenzen änlech wéi déi déi op nationalem Niveau observéiert gi sinn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert