COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. September bis den 2. Oktober 2022

An der Woch vum 26. September bis den 2. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 2.324 erop, par Rapport zu 1.300 an der Woch virdrun.

Dobäi komme 876 Re-Infektiounen, dat sinn 27,4% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 613 (32%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 26. September bis den 2. Oktober duerchgefouert goufen, ass vu 6.446 op 8.795 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 35 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 12 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.533. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 2. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 3.950 geklommen (am Verglach zu 2.623 de 25.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 286.713 op 287.707 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 42,7 Joer.

An der Woch vum 26. September bis den 2. Oktober, goufen et 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 91 Joer.

 An de Spideeler goufen et 14 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 11 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 53 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,31 géintiwwer 1,18 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 26,42%, géintiwwer 20,17% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 360 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 201 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei der Altersgrupp vun 15-19 Joer (+143%) a bei de 75+ Joer (+132%). Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 199 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et bei der Altersgrupp vun 30 bis 59 Joer mat 545 bis 685 Fäll pro 100.000 Awunner an an der Altersgrupp 85+ Joer mat 520 bis 573 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Vun den 3.221 Fäll, déi an der Woch vum 26. September bis 2. Oktober 2022 enregistréiert goufen, goufe 664 Fäll (21%) analyséiert an d'Source ermëttelt.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 22% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (16%) an d'Aarbecht (10%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (33%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 26. September bis den 2. Oktober goufen am Ganzen 1.737 Dosissen aginn. 17 Persoune kruten eng 1. Dosis, 23 kruten déi 2. Dosis, 112 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.539 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 46 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 26. September op 1.290.786.

474.654 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 11. September virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 39 an 40.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert