COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. September 2022

An der Woch vum 19. bis de 25. September geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.300 erop, par Rapport zu 999 an der Woch virdrun.

Dobäi komme 613 Re-Infektiounen, dat sinn 32,0% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 423 (29,7%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 19. bis de 25. September duerchgefouert goufen, ass vu 5.653 op 6.455 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 12 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 19 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.498. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op de 25. September, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.611 eropgaangen (am Verglach zu 2.076 den 18.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 285.961 op 286.726 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 40,5 Joer.

An der Woch vum 19. bis de 25. September, gouf et kee weideren Doudesfall am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 11 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 6 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 54 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,18 géintiwwer 1,15 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 20,17%, géintiwwer 17,67% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 201 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 155 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei der Altersgrupp vun 5-14 Joer (+116%) a bei de 95+ Joer (+63%).

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 80-84 Joer, mat 148 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-39 Joer (398 Fäll pro 100.000 Awunner), vu 5-9 Joer (383 Fäll pro 100.000 Awunner) a vu 95+ Joer (382 Fäll pro 100.000 Awunner).

Kontaminatiounen

Vun den 1.923 Fäll, déi an der Woch vum 19. bis de 25. September 2022 enregistréiert goufen, goufe 706 Fäll (37%) ugeruff, analyséiert an d'Source ermëttelt (bis den 20.09.2022 inclus).

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 26% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (17%), d'Educatioun (9%) an d'Aarbecht (8%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (29%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 19. bis de 25. September 2022 goufen am Ganzen 1.879 Dosissen aginn. 16 Persoune kruten eng 1. Dosis, 31 kruten déi 2. Dosis, 106 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.701 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 25 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 26. September op 1.290.631.

474.630 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 37. an der 38. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. De Kontaminatiounsniveau vun de SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser huet bis zur Woch 37 stabiliséiert geschéngt, mee weist nees eng liicht Tendenz no uewen zanter der Woch 38. Änlech Tendenze goufen op regionalem Niveau, mat engem konstanten Niveau vu SARS-CoV-2-Stréim a bal alle Kläranlagen, mat Ausnam vu Miersch a Bleesbréck, wou eng signifikant Hausse festgestallt gouf. Et sinn allerdéngs weider Analysen néideg fir dës Tendenz ze bestätegen oder ze widderléën.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert