COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. September

An der Woch vum 5. bis den 11. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert, mat 757 Persoune par Rapport zu 715 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 319 Re-Infektiounen, dat sinn 29.6% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 298 (29.4%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 5. bis den 11. September duerchgefouert goufen, ass vu 4.904 op 5.144 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 16 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 7 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.467. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op den 11. September, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.782 erofgaangen (am Verglach zu 1.821 de 04.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 284.463 op 285.258 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 42,0 Joer.

An der Woch vum 5. bis den 11. September, gouf et ee weideren Doudesfall am Zesummenhang mam COVID-19. D'Doudesaffer war 69 Joer al.

An de Spideeler goufen et 5 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 4 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 68 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,08 géintiwwer 0,87 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 14,72%, géintiwwer 14,58% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 117 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 111 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux a follgenden Alterstranchen eropgaangen: 0-14 Joer (+20%), 15-29 Joer (+6%), 30-44 Joer (+17%) a 60-74 Joer (+12%). E Réckgang gouf an den Alterstranchë 45-59 Joer (-6%) a 75+ Joer (-9%) festgestallt.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 75+ Joer mat 48 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 360 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Vun den 1.089 Fäll, déi an der Woch vum 5. bis den 11. September 2022 enregistréiert goufen, goufen 928 Fäll ugeruff, analyséiert an d'Source ermëttelt (bis den 09.09.2022 inclus). D'Reesen an d'Ausland ass déi heefegst Source vun den Infektioune mat 28%. Duerno kommen de Familljekrees (19%) an d'Fräizäitaktivitéiten (9%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (33%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 5. bis den 11. September 2022 goufen am Ganzen 740 Dosissen aginn. 34 Persoune kruten eng 1. Dosis, 17 kruten déi 2. Dosis, 61 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 622 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 6 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 12. September op 1.290.317.

474.565 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Aussergewéinlech Schléissung vum Impfzenter Hall Victor Hugo de 17. September

Den Impfzenter Victor Hugo bleift e Samschdeg, 17 September wéint dem Tour de Luxembourg ausnamsweis zou.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 35. an der 36. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. De Kontaminatiounsniveau schéngt sech awer op engem mëttleren Niveau stabiliséiert ze hunn. Änlech Tendenze goufen op regionalem Niveau gemooss, mat konstanten Niveau vun de SARS-CoV-2-Stréim an alle Kläranlagen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert