D'Réserve sanitaire vun der Regierung gëtt fir d'Betreiungspersonal aus dem Senioreberäich an déi breet Ëffentlechkeet opgemaach

De Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an de Gesondheetsministère gi bekannt, dass d'Réserve sanitaire, déi am Kader vun der COVID-19-Pandemie opgestallt gouf, elo och fir follgend Persounen opgeet:

  • Betreiungspersonal aus dem Senioreberäich (Fleegepersonal, Aides socio-familiales an Aides senior, souwéi gläichgestallte Beruffer);
  • fir all weider Persoun aus all aner Beruffsgrupp, onofhängeg dovun ob se studéiert, schafft oder pensionéiert ass.

Wärend der COVID-19-Pandemie huet sech erausgestallt, dass net nëmmen am Beräich vun der Fleeg a vun der Gesondheet Fräiwëlleger gebraucht ginn. De Senioreberäich war och staark impaktéiert vun de Gesondheetsmoossnamen, an huet zu enger partieller Isolatioun vun de Bewunner an zu enger Iwwerlaaschtung vum Personal an de betraffe Strukture gefouert.

Fir déi administrativ an organisatoresch Aarbechtslaascht ze reduzéieren an dem Personal aus dem Gesondheetssecteur et z'erméiglechen, sech nees op hir Haaptaktivitéiten ze konzentréieren, ginn elo och sämtlech aner Beruffsgruppen dozou opgeruff, sech der Réserve sanitaire unzeschléissen.

All interesséiert Persoun, ob si studéiert, schafft oder pensionéiert ass, ka sech vun elo un online fir d'Réserve sanitaire umellen, an dat op govjobs.lu oder guichet.lu. D'Authentifizéierung mat engem LuxTrust Produit ass net noutwenneg.

D'Aschreiwung an d'Réserve ass net verflichtend. D'Interessente kënne jee no Disponibilitéit a vu Fall zu Fall decidéieren, ob si déi proposéiert Missioun unhuelen, déi zu engem Vertrag oder enger Konventioun féiere kann..

D'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur ka sech weiderhin aschreiwen. Interessenten, déi sech scho bei der éischter Campagne ugemellt haten, brauche sech awer net op en neits unzemellen.

Dir hutt Loscht Äre Beitrag ze leeschten? Iech nëtzlech a wäertgeschat ze fillen?

Triet der Réserve sanitaire vun der Regierung bäi!

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an dem Gesondheetsministère 

Aktualiséiert