Nei Impfstoffer géint de COVID-19 a Reouverture vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal

Nei Impfstoffer géint de COVID-19

An der Woch vum 5. September erwaart d'Lëtzebuerger Regierung d'Liwwerung vun ugepassten Impfstoffer vun de Pharmakonzerner Pfizer a Moderna. Et sollen 43.200 Dosisse vum Impfstoff "Comirnaty Original/Omicron BA.1" vu Pfizer an 42.600 Dosisse vum Impfstoff "Spikevax Bivalent Original/Omicron BA.1" vu Moderna geliwwert ginn. Dës sougenannten "bivalent" Impfstoffer sollen e Schutz géint den urspréngleche Sars-CoV-2-Virus, souwéi géint d'Omicron-Variant bidden.

Dokteschpraxissen an Apdikten, déi un der Impfcampagne deelhuelen, kënnen ab e Méindeg, dem 5. September, den Impfstoff bei der Gesondheetsdirektioun bestellen. Déi nei Impfstoffer sinn ab dem 12. September am "Impfbus" an ab dem 13. September am Impfzenter an der Victor Hugo Hal disponibel. Den Asaz vun den Impfstoffer an den éischten Dokteschpraxissen an Apdikte wäert an der Woch vum 5. September ufänken, nodeems déi nei Impfstoffer am Land ukomm sinn.

Entspriechend der Recommandatioun vum Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheeten (CSMI) invitéiert déi Lëtzebuerger Regierung aktuell all Persounen ab 60 Joer, souwéi Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19, onofhängeg vun hirem Alter, eng Opfrëschdosis ze kréien.

Dës ugepassten Impfstoffer wäerten nëmmen als Opfrëschimpfung ("Booster") no enger Éischtimpfung administréiert ginn. Fir Persounen ab 60 Joer, souwéi Persounen, déi e e schwéiere Verlaf vu COVID-19 riskéieren, kann den neien Impfstoff och als zweet Opfrëschimpfung gesprëtzt ginn. De Pfizer-Impfstoff ass fir Persounen ab 12 Joer, de Moderna-Impfstoff fir Persounen ab 30 Joer.

Reouverture vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal

Fir d'Bevëlkerung sou gutt wéi méiglech op eventuell Infektiounswellen am Hierscht a Wanter virzebereeden, mécht d'Lëtzebuerger Regierung den Impfzenter Victor Hugo an der Stad ab dem 13. September nees op. Den Impfzenter ass dënschdes bis freides vu 07:00 bis 19:00 Auer a samsdes vu 07:00 bis 13:00 op. Et sief drop higewisen, dass den Impfzenter de Samschdeg, 17. September wéinst dem Tour de Luxembourg ausnamsweis zou bleift.

Nieft den Impfzenteren, ass et méiglech sech an Dokteschpraxissen oder Apdikten, déi un der Impfcampagne deelhuelen, souwéi am Impfbus impfen ze loossen. D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Persounen, déi eng Invitatioun fir den Impfrappel kruten an déi am Impfzenter maache wëllen, si gebieden e Rendez-vous online op www.covidvaccination.lu oder iwwert d'Helpline Santé um 247-65533 ze huelen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert