Ee Fall vun Afepouke bei engem klenge Kand konfirméiert

De Gesondheetsministère konfirméiert ee Fall vun enger Infektioun mam Afepoukevirus bei engem Kand. D'Kand ass an engem stabillen an onberouegenden Zoustand a befënnt sech an Isolatioun.

D'Inspection sanitaire huet am fréien Nomëtten de Foyer du jour, an deen d'Kand gaangen ass, besicht.

De Contacttracing ass gemaach ginn an déi betraffe Persoune goufen informéiert. De betraffene Foyer du jour bleift op, keen anert Kand huet bis elo Symptomer. Déi Kanner an Erwuessener déi potentiell a Kontakt ware mam infizéierte Kand, si keng Risikopersoune fir e schwéiere Verlaf vun der Krankheet z'entwéckelen. Mä d'Inspection sanitaire wäert am deegleche Kontakt mat den Elteren a mam Personal vum Foyer bleiwen, fir eventuell Symptomer direkt am Ufank z'entdecken.

D'Afepouke sinn eng Zoonos, déi duerch de Virus vun den Afepouken ausgeléist gëtt, dee säit e puer Méint an Europa circuléiert. Den 23. Juli 2022, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de weltwäite Gesondheetsnoutstand wéinst Afepouken deklaréiert.

Obwuel de Virus sech bis elo virun allem a gewësse Communautéite verbreet huet, ka jiddweree sech infizéieren.

Et gëtt drun erënnert, dass d'Krankheet folgend Symptomer ausléist:

  • Blosen um Kierper (am Gesiicht, am Mond, bannen an den Hänn, ënnert de Féiss, am Geschlechtsberäich a beim Anus, op der Broscht oder op den Äerm a Been);
  • Féiwer;
  • geschwolle Lymphdrüsen, ënnert dem Kifer, um Niveau vum Hals oder an der Fal vun der Leescht, déi wéi dinn;
  • Halswéi;
  • Kappwéi;
  • Muskelwéi;
  • Middegkeet.

D'Strategie fir d'Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch vun den Afepouken ze reduzéiere baséiert op follgende Moossnamen:

  • Fréizäiteg Erkennung vu méigleche Fall duerch den Tracing vu Kontaktpersounen;
  • d'Fréierkennung vu Verdachtsfäll op eng Infektioun duerch eng spezialiséiert Evaluatioun a Konfirmatioun duerch e PCR-Test;
  • Isolatioun vun infizéierte Patienten;
  • Duerchféierung vu Moossname fir d'Preventioun an d'Iwwerwaachung vun der Infektioun am Gesondheetswiesen;
  • Impfung vu Risikogruppen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert