Afepouken d'Impfungen, déi iwwer déi europäesch Agence HERA bestallt goufen, sinn ukomm

Wéi am europäesche Kontrakt iwwer de gemeinsamen Akaf virgesinn, sinn 1.400 Dosissen op Lëtzebuerg geliwwert ginn. D'Impfunge sinn iwwer HERA, déi europäesch Agence fir d'Virbereedung an d'Reaktioun op gesondheetlech Noutfäll, bestallt ginn.

D'EU-Gesondheetskommissärin, Stella Kyriakides, ënnersträicht d'Effizienz vun der europäescher Reaktioun: "Zanter datt déi éischt Fäll vun Afepouken an der EU am Mee identifizéiert goufen, huet d'Kommissioun eng eenheetlech an entschlossen Reaktioun fir eis EU-Staaten a Bierger koordinéiert. Am Ganze si méi wéi 160.000 Dosisse fir d'EU-Memberstaate kaf an an der ganzer EU geliwwert ginn. Fir déi éischte Kéier, huet eis europäesch Autoritéit fir d'Virbereedung an d'Reaktioun op gesondheetlech Noutfäll (HERA) Fonge vun der EU benotzt fir Impfungen ze kafen, dass se esou séier ewéi méiglech bei de Memberstaaten ukommen. D'Liwwerung vun 1.400 Dosissen zu Lëtzebuerg haut ass eng wichteg Etapp an der nationaler Äntwert am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet. Ausserdeem leeschte mir de Memberstaaten liewenswichteg Ënnerstëtzung bei der Iwwerwaachung, der Dateniwwermëttlung, dem Impfstrategien an der klorer Informatioun fir eis Bierger. Dat ass ee konkret Beispill fir d'Stäerkt vun der europäescher Gesondheetsunioun, déi mir opbauen: d'Méiglechkeet ze hunn, op EU-Niveau séier ze handelen, fir eis Bierger viru gesondheetleche Geforen ze schützen."

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert begréisst och déi gutt Zesummenaarbecht op europäeschem Niveau: "D'COVID-19-Pandemie huet eis vill zum Krisemanagement bäibruecht. Mir kënnen déi nei Erkenntnisser elo op d'Prouf stellen, wa mir géint d'Afepouken an Europa kämpfen. Ech soen der Europäescher Kommissioun Merci fir hir Efforten hir Memberstaate mat Impfstoffer ze versuergen an esou dozou bäizedroen, hire Bierger hir Gesondheet ze schützen."

Start vun der Impfung op Rendezvous am Service national des maladies infectieuses ab dem 16. August 2022.

Vun Dënschdes den 16. August un, ass et méiglech sech, nëmmen op Rendezvous, géint d'Afepouke beim Service national des maladies infectieuses am Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) imfpen ze loossen.

All Persoun, déi de Krittären, déi vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) festgeluecht gi sinn, entsprécht an déi:

  • bei der Lëtzebuerger Krankekeess verséchert ass,
  • oder hiren Haaptwunnsëtz zu Lëtzebuerg huet,
  • oder d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet,

kann e Rendezvous fir d'Impfung huelen.

Ze beuechten ass, dass d'Impfung nëmme fir Erwuessener vun 18 Joer un zougelooss ass.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi Persounen, déi de Krittären entspriechen, kënne Rendezvous beim Service national des maladies infectieuses am CHL huelen. D'Rendezvouse kënne vu Méindes bis Freides (ausser Feierdeeg) vun 8 bis 17 Auer geholl ginn an dat exklusiv iwwer folgend Telefonsnummer: (+352) 4411-3129 D'Rendezvouse kënnen ab dem 16. August 2022 geholl ginn.

Wie ka sech impfe loossen?

Déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an dem European Center for Disease Prevention and Control (ECDC) [1] gesammelt epidemiologesch Daten deiten dorop hin, dass sech de Virus zur Zäit bal ausschliisslech ënner Männer verbreet, déi Sex mat Männer hunn, heefeg a Bezéiungen ouni feste Partner oder a Bezéiungen ausserhalb vu Partnerschaften. ​ Dofir sollte virun allem Männer geimpft ginn, déi an de leschte Méint Sex mat Männer a mat méi verschiddene Partner haten, fir si ze schützen an d'Ausbreedung vun der Epidemie op aner Persounegruppen ze begrenzen.

Laut de Recommandatioune vun der CSMI, kann d'Impfung géint d'Afepouken zu Lëtzebuerg gemaach ginn:

Zur Preventioun vun der Infektioun:

  • bei Männer, déi sexuell Bezéiunge mat Männer hunn, déi verschidde Sexualpartner hunn,
  • bei transgeschlechtleche Persounen, déi verschidde Sexualpartner hunn,
  • bei Sexaarbechter an - aarbechterinnen.

Nodeem s ee mam Virus a Kontakt war:

All Persoun, déi mam Afepoukevirus a Kontakt war, ass gebiede d'Inspection sanitaire op folgender Nummer ze kontaktéieren: (+352) 247-85650

Den Impfschema

Fir eng Éischtimpfung sinn zwou Impfdosissen an engem Ofstand vun 28 Deeg néideg. Bei immunogeschwächte Persounen ass eng drëtt Impfung néideg. Den Ofstand vun 28 Deeg tëschent den 2 Impfdosissen ass wichteg fir eng héich Wierksamkeet vum Impfstoff ze garantéieren.

Wann Dir Froen zu der Impfung oder dem Virus hutt, kënn Dir d'Helpline vun der Santé op der Telefonsnummer (+352) 247-65533 uruffen.

 

Méi Informatiounen op www.variole-singe.lu.

 

Et ass net akzeptabel, ee wéinst enger Krankheet ze stigmatiséieren. All Mënsch ka sech mat Afepouken ustiechen an de Virus weiderginn, onofhängeg vu senger sexueller Orientéierung. De Risiko sech unzestieche klëmmt mat der Zuel vu Sexualpartner.

[1] https://worldhealthorg.shinyapps.io/mpx_global/

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

Aktualiséiert