COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. bis den 31. Juli 2022

An der Woch vum 25. bis den 31. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 3.577 op 2.000 erofgaangen (-44%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 25. bis den 31. Juli duerchgefouert goufen, ass vun 10.581 op 7.787 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 18 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 37 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.384. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op den 31. Juli, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.966 erofgaangen (am Verglach zu 8.904 de 24.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 270.917 op 275.850 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 44,8 Joer.

An der Woch vum 25. bis den 31. Juli goufen et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 17 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 21 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 3. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 64 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,62 géintiwwer 0,89 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 25,68%, géintiwwer 33,81% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 310 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 554 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen erofgaangen. Déi gréisste Baisse gëtt et an den Altersgruppe vun de manner wéi 45-Järegen (-47%), wärend et bei de 45- bis 89-Järegen eng Baisse tëscht -25% a -38% gëtt. Bei de 90+ Joer gëtt et eng Baisse vu 5%.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 200 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 546 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der Woch unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren, sou wéi nozevollzéie wéi vill vun de positive Fäll bannent de 14 Deeg virum Testresultat op enger Auslandsrees waren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 25. bis den 31. Juli 2022, goufen am Ganzen 8.386 Dosissen aginn. 45 Persoune kruten eng 1. Dosis, 73 kruten déi 2. Dosis, 448 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 7.803 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 17 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 1. August op 1.288.934.

474.360 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,9% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Impfzenter Victor Hugo Hal

Persounen ab 60 Joer, souwéi vulnerabel Persoune bei deenen de Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19 besteet an déi eng schrëftlech Recommandatioun vun hirem Dokter hunn, kënnen eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.

An dësem Kader wäert den Impfzenter Victor Hugo ausnamsweis tëschent dem 12. Juli an dem 13. August nees op sinn. Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, ginn ausserdeem dozou opgeruff, d'Impfméiglechkeeten an den Dokteschcabineten, Apdikten an dem Impfbus ze notzen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 29. an der 30. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Am Verglach zur Woch virdrun, gouf an dësen 2 Woche souwuel op nationalem, wéi och op regionalem Niveau, eng Tendenz no ënnen observéiert.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert