COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Juli 2022

An der Woch vum 4. bis den 10. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.741 op 5.616 erofgaangen (-2%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 4. bis den 10. Juli duerchgefouert goufen, ass vu 14.201 op 14.293 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 54 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 53 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.262. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 10. Juli ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 11.652 geklommen, am Verglach zu 10.504 den 3. Juli, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 255.305 op 259.768 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 40,7 Joer.

An der Woch vum 4. bis den 10. Juli goufen et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 64 Joer.

An de Spideeler goufen et 28 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 19 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 1 op 0 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 58 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,00 géintiwwer 1,01 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 39,29%, géintiwwer 40,43% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 870 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 890 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an den Altersgruppe vun 0-4 Joer (+25%), vu 75-79 Joer (+47%) a vu 85-89 Joer (+70%) eropgaangen.

An den Altersgruppen tëschent 5 a 75 Joer gouf et e liichte Réckgang (Baisse vun 2% bei de 5-75 Järegen). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 90+ Joer mat 467 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 45-49 Joer mat 1.620 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der Woch unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren, sou wéi nozevollzéien wéi vill vun de positive Fäll bannent de 14 Deeg virum Testresultat op enger Auslandsrees waren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 4. bis den 10. Juli 2022, goufen am Ganzen 1.972 Dosissen aginn. 50 Persoune kruten eng 1. Dosis, 73 kruten déi 2. Dosis, 512 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.334 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 3 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 11. Juli op 1.286.959.

474.091 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Impfzenter Victor Hugo Hal

Persounen ab 70 Joer, souwéi vulnerabel Persoune bei deenen de Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19 besteet an déi eng schrëftlech Recommandatioun vun hirem Dokter hunn, kënnen eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.

An dësem Kader wäert den Impfzenter Victor Hugo ausnamsweis tëschent dem 12. an dem 30. Juli nees op sinn. Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, ginn ausserdeem dozou opgeruff, d'Impfméiglechkeeten an den Dokteschcabineten, Apdikten an dem Impfbus ze notzen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Vun elo un gi just nach eemol d'Woch Waasserprouwe geholl. An deem Kontext ginn d'Resümmeeën just nach all 14 Deeg anstatt all Woch kommunizéiert. 

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert