COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 70 Joer, souwéi fir Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19

Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), kënne Persounen ab 70 Joer, souwéi Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19, eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien. Déi 4. Dosis gëtt mindestens 4 Méint no der leschter Booster-Dosis administréiert. Den Impfstoff vun der 4. Dosis ass een mRNA-Impfstoff. Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn.

Et sief dorun erënnert, dass all immunodepriméiert Persounen (mat Organ- oder hämatopoetesche Stammzellentransplantatiounen, Patienten, déi sech enger lymphopenescher Chimiotherapie oder enger immunsuppressiver Therapie ënnerzéien, oder Persoune mat engem primitiven Immundefizit) oder Patienten ënner Dialys, déi iwwer 18 Joer hunn, eng 4. Dosis vum Impfstoff kréie kënnen. Dëst ka fréistens 3 Méint no der leschter Injektioun geschéien.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Persounen iwwert 70 Joer, déi hir lescht Impfung viru 4 Méint oder méi kruten, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir e Rendez-vous ze huelen. Dëst ass méiglech am Impfzenter Victor Hugo, deen ausnamsweis tëscht dem 12. an 30. Juli seng Dieren opmécht, souwéi och beim Dokter, an enger Apdikt oder am Impfbus. Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal mécht seng Dieren nom 30. Juli nees zou.

D'Lëscht vun den Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, esou wéi d'Datumer vum Impfbus, fannt Dir op der Säit covidvaccination.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Helpline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Staatsministère

Aktualiséiert