COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. Juni 2022

An der Woch vum 20. bis de 26. Juni ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 3.985 op 4.485 geklommen (+13%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 20. bis de 26. Juni duerchgefouert goufen, ass vun 11.338 op 11.131 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 44 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 52 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.155. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 26. Juni ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 8.822 geklommen, am Verglach zu 7.045 den 19. Juni, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 248.548 op 251.249 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 38,4 Joer.

An der Woch vum 20. bis de 26. Juni, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 72 Joer.

An de Spideeler goufen et 13 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 15 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun bleift d'Zuel vun de beluechte Better stabel bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 56 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,13 géintiwwer 1,20 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 40,29%, géintiwwer 35,15% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 695 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 617 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenztaux ass an allen Alterstranchen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vun 15-29 Joer (+22%) a vun 30-44 Joer (+18%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 494 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 1.135 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der steigender Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der leschter Woch bis zum Erstelle vun dësem Rapport unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren. Persounen iwwer 60 Joer a Residenten aus de Fleegestrukture gi prioritär kontaktéiert.

Vun de 5.925 Fäll, déi an der Woch vum 20. bis de 26. Juni 2022 enregistréiert goufen, goufe 724 Fäll (12,2%) ugeruff, analyséiert an d'Source ermëttelt.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 25% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (12%), d'Reesen an d'Ausland (11%) an d'Aarbecht (7%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë läit bei 23%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 20. bis de 26. Juni 2022, goufen am Ganzen 1.095 Dosissen aginn. 59 Persoune kruten eng 1. Dosis, 86 kruten déi 2. Dosis, 532 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 418 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 27. Juni op 1.285.221.

473.870 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt. Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Provisoresch Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo Hal

Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal mécht seng Dieren provisoresch vum 2. Juli 2022 un zou.

D'Lëscht vun den Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé,  LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 25. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Souwuel op nationalem, wéi och op regionalem Niveau, ass d'Tendenz änlech wéi déi vun der viregter Woch, mat engem héijen awer stabelen Niveau vun de SARS-CoV-2-Stréim. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert