COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis den 12. Juni

An der Woch vum 6. bis den 12. Juni ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.934 op 2.824 geklommen (+46%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 6. bis den 12. Juni duerchgefouert goufen, ass vun 8.212 op 9.289 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hu 35 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 27 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.059. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 12. Juni ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.001 geklommen, am Verglach zu 3.354 de 5. Juni, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 245.443 op 246.610 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 39,4 Joer.

An der Woch vum 6. bis den 12. Juni gouf et 1 weideren Doudesfall am Zesummenhang mam COVID-19. D'Doudesaffer war 82 Joer al.

An de Spideeler goufen et 6 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 3 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun bleift d'Zuel vun de beluechte Better stabel bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 55 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,21 géintiwwer 1,26 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 30,40%, géintiwwer 23,55% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 438 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 300 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenztaux klëmmt an allen Alterstranchen, ausser bei Tranche vun de 85+ (-29%).

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vun 0-14 Joer (+87%) a vu 15-29 Joer (+63%). Deen niddregsten Inzidenztaux gëtt et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 249 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gëtt et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 714 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der steigender Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der leschter Woch bis zum Erstelle vun dësem Rapport unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren. Vun den 3.628 Fäll, déi an der Woch vum 6. bis den 12. Juni 2022 enregistréiert goufen, goufen 662 Fäll (18%), déi de 06.06., den 11.06. an den 12.06 ugeruff kruten, analyséiert an d'Source ermëttelt.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 30% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (17%), d'Educatioun (8%), d'Fräizäitaktivitéiten (6%) an d'Aarbecht (5%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (31%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 6. bis den 12. Juni 2022, goufen am Ganzen 1.586 Dosissen aginn. 78 Persoune kruten eng 1. Dosis, 90 kruten déi 2. Dosis, 511 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 906 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 krut eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 13. Juni op 1.283.839.

473.684 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Provisoresch Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo Hal

Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal mécht seng Dieren provisoresch vum 2. Juli 2022 un zou.

D'Lëscht vun den Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé,  LNS) https://lns.lu/en/publications-en 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 23. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. Op nationalem Niveau, war d'Tendenz änlech wéi déi vun der viregter Woch, mat awer enger liichter Hausse vun de SARS-CoV-2-Stréim. Dës Tendenz muss allerdéngs mat Virsiicht analyséiert ginn, bis déi nächst Woch zousätzlech Informatiounen verfügbar sinn. Op regionalem Niveau, sinn d'Donnéëen méi ënnerschiddlech, mat enger däitlecher Hausse vun de SARS-CoV-2-Stréim a verschidde Kläranlagen (Péiteng, Schëffleng, Ëlwen a Wolz) an Réckgäng an aneren (Iechternach, Beggen).

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert