COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 30. Mee bis de 5. Juni 2022

An der Woch vum 30. Mee bis de 5. Juni ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.174 op 1.934 geklommen (+65%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 30. Mee bis de 5. Juni duerchgefouert goufen, ass vu 6.302 op 8.209 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hu 27 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 16 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.024. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 5. Juni ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 3.345 geklommen, am Verglach zu 3.314 de 29. Mee, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 243.543 op 245.443 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 40,8 Joer.

An der Woch vum 30. Mee bis de 5. Juni, goufen et 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 86 Joer.

An de Spideeler goufen et 3 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 6 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun bleift d'Zuel vun de beluechte Better stabel bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 60 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,25, géintiwwer 0,79 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 23,56%, géintiwwer 18,63% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 300 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 182 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenztaux ass an allen Alterstranchen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei der Altersgrupp vun 0-14 Joer (+120%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 200 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 505 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 2.436 Fäll vu Residenten, déi an der Woch vum 30. Mee bis de 5. Juni enregistréiert goufen, goufen nëmmen Fäll déi tëscht dem 30.05. an dem 03.06., an de 05.06. ugeruff kruten, analyséiert an d'Source ermëttelt. Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 2.109 Fäll (87%) geholl, déi bis zur Realisatioun vun dësem Rapport ugeruff kruten.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 25% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (27%) a Fräizäitaktivitéiten (9%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (25%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 30. Mee bis de 5. Juni 2022, goufen am Ganzen 1.895 Dosissen aginn. 93 Persoune kruten eng 1. Dosis, 105 kruten déi 2. Dosis, 527 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1.170 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 6. Juni op 1.283.132.

473.588 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé,  LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 22. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. Op nationalem a regionalem Niveau, war d'Tendenz vun de SARS-CoV-2-Stréim um Ufank vun dëser Woch änlech wéi déi vun der viregter Woch. Eng liicht Erhéijung vun de SARS-CoV-2-Stréim gouf allerdéngs Enn der Woch observéiert. Dës Tendenz muss allerdéngs mat Virsiicht analyséiert ginn, bis déi nächst Woch zousätzlech Informatiounen verfügbar sinn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert