COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis de 22. Mee 2022

An der Woch vum 16. bis de 22. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.704 op 1.879 erofgaangen (-30%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 16. bis de 22. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 9.722 op 9.178 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 20 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 21 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.981. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 22. Mee ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 4.846 erofgaangen, am Verglach zu 6.244 den 15. Mee, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 237.565 op 240.839 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 40,1 Joer.

An der Woch vum 16. bis de 22. Mee, goufen et 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 82 Joer.

An de Spideeler goufen et 12 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 13 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 1 op 2 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 61 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,62 géintiwwer 0,87 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 20,47%, géintiwwer 27,81% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bleift onverännert bei 291 Fäll pro 100.000 Awunner.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenz-Taux ass an allen Alterstranchen erofgaangen. Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vu 0-14 Joer (-47%) a vun 30-44 Joer (-31%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 223 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 432 Fäll pro 100.000 Awunner. 

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 2.266 Fäll, déi an der Woch vum 16. bis de 22. Mee 2022 enregistréiert goufen, goufen nëmmen 1.907 Fäll analyséiert an d'Source ermëttelt.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 31% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (12%), d'Educatioun (9%), d'Fräizäitaktivitéiten (7%) an d'Aarbecht (7%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet liicht erop (28%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 16. bis de 22. Mee, goufen am Ganzen 2.704 Dosissen aginn. 83 Persoune kruten eng 1. Dosis, 106 kruten déi 2. Dosis, 576 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.937 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 2 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 24. Mee op 1.282.044.

473.434 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer). 

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 20. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau.

D'Baisse vun de SARS-CoV-2-Stréim, déi an de leschten zwou Wochen observéiert gouf, gëtt och dës Woch confirméiert an dat souwuel op nationalem, wéi op regionalem Niveau. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert