COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Abrëll

An der Woch vum 4. bis den 10. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 8.110 op 6.172 erofgaangen (-24%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 4. bis den 10. Abrëll duerchgefouert goufen, ass vun 22.274 op 17.789 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 153 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 86 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.631. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 10. Abrëll ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 14.537 erofgaangen, am Verglach zu 18.120 den 3. Abrëll, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 200.229 op 209.975 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 41,1 Joer.

An der Woch vum 4. bis den 10. Abrëll, goufen et 9 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 84 Joer.

An de Spideeler goufen et 28 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 24 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 3 op 4 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 59 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,83, géintiwwer 0,79 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 34,70%, géintiwwer 36,41% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 972 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 1.278 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen eropgaangen.

Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vun 0-14 Joer (-57%) a vu 15-29 Joer (-32%). An der Woch vum 4. bis den 10. Abrëll maachen déi certifiéiert Antigène-Tester an der Schoul 0,1% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer a kee Fall bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 835 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 1.408 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun de 7.187 Fäll, déi an der Woch vum 4. bis den 10. Abrëll enregistréiert goufen, konnten nëmmen d'Fäll, déi den 4. oder 8. Abrëll gemellt goufen, kontaktéiert ginn. Dës Fäll goufen iwwerpréift an d'Kontaminatiounssource gouf identifizéiert.

Fir déi aner Deeg vun der Woch, goufen all d'Fäll vu Persounen vu 60+ analyséiert, sou wéi déi vu Residenten a Personal aus de Fleegeheemer. Insgesamt 2.527 Fäll goufen iwwerpréift a kruten ugeruff, an d'Kontaminatiounssource gouf identifizéiert.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 31,1% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (7,0%), d'Reesen an d'Ausland (6,2%), d'Aarbecht (6,2%) an dono d'Educatioun (4,6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (25,6%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 4. bis de 10. Abrëll, goufen am Ganzen 1.339 Dosissen aginn. 112 Persoune kruten eng 1. Dosis, 252 kruten déi 2. Dosis, 819 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 156 kruten  eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 12. Abrëll op 1.277.243.

472.599 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,6% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Verschidden Impfplaze maachen ab dem 16. Abrëll zou

Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck

  • D'Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck sinn  ab dem Samschdeg, 16. Abrëll um 13:00 Auer zou.

"Pop Up" Impfung

  • D'Popups an de Shoppingzentere sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll zou.
  • De Popup Gare Lëtzebuerg ass ab dem Freideg, 15. Abrëll zou.

D'Lëscht vun den Impfzenteren, Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit www.covid19.lu.

"Impf-Bus on tour" 

Wärend d'Popups zougemaach ginn, gëtt gläichzäiteg den Impfbus reaktivéiert, deen dann, ënnert anerem, op de Parkinge vu Shoppingzenteren, Aktivitéitszonen oder Evenementer wäert sinn, an dëst vum nächsten Dënschdeg un.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"  ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung  oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 14. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe sinn deene vun de zwou viregte Woche staark änlech. Änlech Tendenze goufen an allen analyséierte Kläranlage gemooss, mat enger Stabilisatioun vun de SARS-CoV-2-Streim am Ofwaasser op engem héijen Niveau.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert