COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Mäerz 2022

An der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.968 op 7.779 eropgaangen (+30%).

Vun de 7.779 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 1.119,6 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.268,3 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 16 vun den 36 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (20 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 1 vun den 3 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 4,37 an der Normalfleeg a bei 0,44 an der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) ouni kompletten Impfschema läit bei 11,13 an der Normalfleeg a bei 0,70 an der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vu 17.857 op 20.228 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hu 75 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 83 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.297. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 20. Mäerz ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 13.929 eropgaangen, am Verglach zu 10.919 den 13. Mäerz, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 182.014 op 186.786 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 36,7 Joer.

An der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz, goufen et 9 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 88 Joer.

An de Spideeler goufen et 36 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 30 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 4 op 3 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 62 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,12 géintiwwer 1,12 an der viregter Woch stabel bliwwen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 38,46%, géintiwwer 33,42% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 1.226 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 940 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 45-59 Joer (+55%), vu 60-74 Joer (+49%), vu 15-29 Joer (+36%), vun 30-44 Joer (+30%), bei Kanner vun 0-14 Joer (+13%) a bei 75+ Joer (+11%). An der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz maachen déi certifiéiert Antigène-Tester an der Schoul 25% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer an 9% bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 895 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 1.841 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 9.368 Fäll déi an der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz enregistréiert goufen, konnten d'Donnéeë vun 2.896 Fäll, déi ugeruff goufen, iwwerpréift an d'Quell identifizéiert ginn.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 33% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (13%), d'Fräizäitaktivitéiten (7%), d'Aarbecht (5,2%) an d'Reesen an d'Ausland (4,7%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (26,2%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz, goufen am Ganzen 2.310 Dosissen aginn. 141 Persoune kruten eng 1. Dosis, 828 kruten déi 2. Dosis, 1.094 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 247 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 22. Mäerz op 1.273.008.

471.423 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,4% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

COVID-19-Impfung: eng nei Helpline fir op d'Ängschte vun den net geimpfte Leit z'äntweren

Och wa mëttlerweil bewisen ass, dass d'COVID-19-Impfstoffer Liewe retten, hunn ëmmer nach eng Rei Leit Zweiwel sech impfen ze loossen.

Am Géigesaz zu der traditioneller Helpline vun der Gesondheetsdirektioun, kann d'Helpline vum CHL op medezinesch Froe vun de Leit äntwerten. An der aktueller Lag vun der Pandemie ass et wichteg de Leit, déi nach hir Zweifel iwwert d'Impfung hunn, d'Méiglechkeet ze ginn, an engem intime Kader mat engem medezineschen Expert iwwert hir Zweifel an Ängscht ze schwätzen. Bei esou Eenzelgespréicher kënnen d'Leit dann eng informéiert Entscheedung iwwert d'Impfung treffen. 

D'Helpline ass vu Méindeg bis Freideg tëschent 14 an 18 Auer gratis iwwert d'Telefonsnummer 4411-9955 z'erreechen.

Geschwate Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

"Popup" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, bitt d'Regierung temporär Impf-Plazen ("Popup" Impfstatiounen) un, fir esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 11. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe si méi héich wéi nach déi Woch virdrun. Änlech Tendenze goufen an allen analyséierte Kläranlage gemooss, wou eng liicht Erhéijung vun de SARS-CoV-2-Stréim festgestallt konnt ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert