COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz 2022

An der Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.670 op 4.794 eropgaangen (+2%).

Vun de 4.794 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 866 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 712,8 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 10 vun de 24 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (14 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 5 vun de 6 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 2,90 an der Normalfleeg a bei 0,21 an der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) ouni kompletten Impfschema läit bei 8,41 an der Normalfleeg a bei 4,20 an der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vu 17.554 op 17.166 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 68 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 47 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.139. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 6. Mäerz ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 9.611 eropgaangen, am Verglach zu 8.478 de 27. Februar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 173.707 op 177.361 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 34,2 Joer.

An der Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 88 Joer.

An de Spideeler goufen et 24 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 22 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 7 op 6 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 57 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,11 géintiwwer 1,02 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 27,93%, géintiwwer 26,60% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 755 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 736 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+29%), vun 0-14 Joer (+14%) a vun 30-44 Joer (+6%). Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 15-29 Joer (-14%). An der Woch vum 28/02-06/03 maachen déi certifiéiert Antigène-Tester an der Schoul 26% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer an 13% bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 400 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 1.452 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 31,3% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (12,3%), d'Reesen an d'Ausland (8,2%), d'Fräizäitaktivitéiten (6,2%) an d'Aarbecht (3,6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (33,9%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz, goufen am Ganzen 3.838 Dosissen aginn. 451 Persoune kruten eng 1. Dosis, 1.048 kruten déi 2. Dosis, 1.963 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 376 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 8. Mäerz op 1.268.435.

469.749 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,2% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

 "Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, bitt d'Regierung temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) un, fir esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 9. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. De Réckgang vun de SARS-COV-2-Stréim dee virun 3 Wochen ugefaangen huet, koum zum Stëllstand. Um Enn vun der viregter Woch an Ufank vun der Woch 9 gouf eng liicht Hausse festgestallt. Mee d'Wäerte schénge sech stabiliséiert ze hunn. Änlech Tendenze konnten an allen analyséierte Kläranlage festgestallt ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert