COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis de 27. Februar 2022

An der Woch vum 21. bis de 27. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 3.648 op 4.670 eropgaangen (+28%).

Vun de 4.670 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 754 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 728,6 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 12 vun den 21 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (9 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 2 vun de 7 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 1,87 an der Normalfleeg a bei 1,04 an der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) ouni kompletten Impfschema läit bei 9,99 an der Normalfleeg a bei 1,67 an der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 21. bis de 27. Februar duerchgefouert goufen, ass vu 15.271 op 17.551 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hu 47 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 50 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.071. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 27. Februar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 8.468 erofgaangen, am Verglach zu 9.747 den 20. Februar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 167.775 op 173.717 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 33,8 Joer.

An der Woch vum 21. bis de 27. Februar, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 79 Joer.

An de Spideeler goufen et 21 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 42 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 9 op 7 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift bei 62 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,03 géintiwwer 0,83 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 26,61%, géintiwwer 23,89% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 736 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 575 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppe eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 0-14 Joer (+75%) a vu 15-29 Joer (+61%). Et sief drop higewisen dass an der Woch vum 7. bis den 13. Februar ronn 21% vun de positiven Tester bei Kanner tëschent 0-14 Joer Antigène-Tester waren, déi an der Schoul duerchgefouert goufen, woubäi an der Woch vum 14. bis den 20. Februar wéinst der Schoulvakanz keng Antigène-Tester an der Schoul realiséiert goufen. An der Woch vum 21. bis de 27. Februar maachen déi certifiéiert Antigène-tester an der Schoul 28% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer a 16% bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 403 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 1.278 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 24,6% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (22,8%), d'Fräizäitaktivitéiten (5,3%), d'Educatioun (3,6%) an d'Aarbecht (2,3%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (37,03%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 21. bis de 27. Februar goufen am Ganze 5.296 Dosissen aginn. 535 Persoune kruten eng 1. Dosis, 1.531 kruten déi 2. Dosis, 2.643 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 587 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 1. Mäerz op 1.264.971.

468.692 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vu 77,9% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Den Zenter Luxexpo The Box mécht seng Dieren zou an den Zenter Hall Victor Hugo geet rëm op

De provisoreschen Impzenter Luxexpo The Box (Kierchbierg) mécht de 5. Mäerz 2022 definitiv seng Dieren zou. E gëtt duerch den Impfzenter Hall Victor Hugo um Lampertsbierg ersat, deen den 8. Mäerz 2022 nees opgeet.

Fir eng Impfung am Impfzenter, muss ee säi Rendez-vous iwwer Guichet.lu ufroen.

D'Ëffnungszäite vun allen Impfplaze fannt dir op www.covidvaccination.lu.

Impfung elo och an Apdikten

Säit dem 26. Februar kann ee sech an Apdikten impfe loossen, ouni op d'Invitatioun per Post ze waarden. All Persoun iwwer 12 Joer kann e Rendez-vous fir d'Impfung géint COVID-19 an den deelhuelenden Apdikte maachen. D'Lëscht vun den Apdikte gëtt all Woch aktualiséiert, entspriechend der Disponibilitéit vum Impfstoff, an ass hei ze fannen: covidvaccination.lu.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, bitt d'Regierung temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) un, fir esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Nuvaxovid (Novavax) Impfstoff: Benotzung vum Impfstoff géint COVID-19 an den Impfzenteren

D'Regierung erweidert d'Offer vun den Impfstoffer ëm deen neien Impfstoff Nuvaxovid (Novavax), deen an enger éischter Phas, säit dem 1. Mäerz 2022, just an den Impfzentere gesprëtzt gëtt.

Den Nuvaxovid baséiert op enger "klassescher" Technologie: e besteet aus Protein-Ënnereenheeten, entspriechend dem Prinzip dee scho säit Joerzéngte fir d'Produktioun vun Impfstoffer benotzt gëtt, wéi z. B. géint Coqueluche, Hepatitt B, oder den Human Papillomvirus (HPV).

All Persoun, Resident an Net-Resident, déi eng Lëtzebuerger Matricule huet a méi wéi 18 Joer al ass, kann hir Éischtmpfung mam Novavax-Impfstoff mat oder ouni Rendez-vous maache loossen.

Den Impfrappel (Booster) ka just op Rendez-vous gemaach ginn.

Fir méi Informatiounen: https://covid19.public.lu/lb/impfung.html

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 8. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'Baisse vun de SARS-CoV-2-Stréim, déi an de leschten 3 Wochen ugefaangen huet, gëtt och dës Woch confirméiert, och wann eng liicht Erhéijung um Enn vun der Woch festgestallt konnt ginn. Dës Baisse ass weiderhin an allen analyséierte Kläranlage festzestellen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert