Nuvaxovid (Novavax) Impfstoff: Benotzung vum Impfstoff géint COVID-19 ab dem 1. Mäerz 12:00 Auer an den Impfzenteren

Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 23. Februar 2022, huet de Regierungsrot de 25. Feburar decidéiert, fir d'Offer vun den Impfstoffer ëm deen neien Impfstoff Nuvaxovid (Novavax

Den Nuvaxovid baséiert op enger "klassescher" Technologie: e besteet aus Protein-Ënnereenheeten, entspriechend dem Prinzip dee scho säit Joerzéngte fir d'Produktioun vun Impfstoffer benotzt gëtt, wéi z. B. géint Coqueluche, Hepatitt B, oder den Human Papillomvirus (HPV).

Therapeutesch Indikatiounen an Doséierung

Den Impfstoff Nuvaxovid ka bei Erwuessenen iwwer 18 Joer benotzt ginn, mat engem Impfschema vun 2 Dosisse vu 5 μg (0,5 ml) an engem Intervall vun 28 Deeg.

Weider kann e benotzt ginn:

  • als 3. Dosis, wann eng Éischtimpfung (mat Nuvaxovid) bei immungeschwächte Persounen, Beneficiairë vun enger Organtransplantatioun an Dialyse-Patienten gemaach gouf (Recommandatioune vum CSMI vun Dezember 2021 a Januar 2022), mat engem Impfschema vun 0, 28 a 84 Deeg (0, 4 an 12 Wochen);
  • als Zousazdosis (Booster) no enger Eenzeldosis vum COVID-19-Impfstoff vu Janssen, ab dem 28. Dag no der Impfung mat Janssen;
  • als homologen Impfrappel (Booster), fir all Persounen, déi fir déi komplett Éischtimpfung Nuvaxovid kruten, an dat 3 Méint no der leschter Dosis;
  • als heterologen Impfrappel fir all Persounen, déi medezinesch relevant onerwënschten Niewewierkungen no enger Éischtimpfung mat engem mRNA- oder Vektorimpfstoff haten;

Op den Impfstoff Nuvaxovid dierf och am Kader vun engem heterologen Impfschema ("Mix and Match") zeréckgegraff ginn, besonnesch (Recommandatioun vum CSMI vum Juli 2021 a Januar 2022):

  • bei Persounen, déi een Impfschema mat Vaxzevria ugefaang hunn, mat abegraff déi Persounen, déi no enger 1. Dosis Vaxzevria eng schwéier Thromboemolie mat Thrombozytopenie entwéckelt hunn;
  • bei Persounen, déi no enger 1. Dosis mat engem mRNA-Impfstoff, eng Myokarditt, Perikarditt, oder soss eng schwéier Niewewierkung entwéckelt hunn;
  • bei enger Infektioun mat SARS-CoV-2 bannent 6 Méint no der Impfung, oder bei enger tëschenzäitlech optriedender Infektioun, gëtt den Nuvaxovid analog zum Schema, dee vum CSMI am Januar 2022 fir mRNA-Impfstoffer recommandéiert gouf, gesprëtzt.

Well nach keng Donnéeën zur Sécherheet vun dësem Impfstoff bei schwangere Frae virleien, recommandéiert den CSMI een mRNA-Impfstoff fir d'Éischtimpfung an den Impfrappel bei schwangere Fraen ze benotzen.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Den Novavax-Impfstoff gëtt an enger éischter Phas just an den Impfzentere gesprëtzt.

All Persoun, Resident an Net-Resident, déi eng Lëtzebuerger Matricule huet a méi wéi 18 Joer al ass, kann hir Éischtimpfung, mat oder ouni Rendez-vous, an engem vun den 3 Impfzenteren (Luxexpo provisoresch, Ettelbréck an Esch-Belval) maache loossen.

D'Administratioun vum Impfrappel (Booster) an den Impfzenteren Luxexpo (provisoresch), Ettelbréck an Esch-Belval ass just op Rendez-vous méiglech.

Persounen, déi den Novavax-Impfstoff als Éischtimpfung oder Impfrappel (Booster) kréie wëllen, mussen dëst dem Impfzenter matdeelen.

D'Impfung mat Novavax ass ab dem 1. Mäerz 12:00 Auer méiglech.

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert