Ab dem 26. Feburar ass et méiglech, sech an enger Apdikt impfen ze loossen, ouni op d'Invitatioun per Post ze waarden. All Persoun iwwer 12 Joer kann e Rendez-vous fir d'Impfung géint COVID-19 an den deelhuelenden Apdikte maachen. D'Lëscht vun den Apdikte gëtt all Woch aktualiséiert, entspriechend der Disponibilitéit vum Impfstoff, an ass hei ze fannen: https://covid19.public.lu/lb/impfung/mat-rendez-vous.html
D'Impfstoffer an den Apdikten sinn d'mRNA-Impfstoffer an den Janssen-Impfstoff.
Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn. Et sief drun erënnert, dass d'Impfung fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer just an den Impfzenteren oder beim Kannerdokter gemaach ka ginn.
Den Oflaf an den Apdikten ass dee selwechte wéi an den Impfzenteren:
- Accueil
- Umeldung
- Waardezäit
- Impfung
- Erhuelung
Méi Informatiounen op www.covidvaccination.lu.
Communiqué vum Gesondheetsministère