COVID-19 Impfzenteren: Den Zenter Luxexpo The Box mécht seng Dieren zou an den Zenter Hall Victor Hugo geet rëm op

De provisoreschen Impzenter Luxexpo The Box (Kierchbierg) mécht de 5. Mäerz 2022 definitiv seng Dieren zou. E gëtt duerch den Impfzenter Hall Victor Hugo um Lampertsbierg ersat, deen den 8. Mäerz 2022 nees opgeet.

Den Impfzenter Hall Victor Hugo bitt, wéi all aner Impfzenter och, follgend Impfungen un:

  • Éischtimpfung mat oder ouni Rendez-vous
  • Impfrappel (Booster) mat Rendez-vous
  • Impfrappel (Booster) ouni Rendez-vous fir Lëtzebuerger Residenten oder Bierger, déi hir Éischtimpfung am Ausland kruten, oder fir Persounen, déi hir Éischtimpfung vun enger mobiller Ekipp (Pop Up) kruten
  • Impfung vu Kanner vu 5-11 Joer, mat oder ouni Rendez-vous, fir d'Éischtimpfung

D'Impfung an der Dokteschpraxis oder beim Pediater si just op Rendez-vous méiglech, deen direkt mam Dokter ausgemaach muss ginn. Fir eng Impfung am Impfzenter, muss ee säi Rendez-vous iwwer Guichet.lu ufroen.

Persounen, déi ouni Rendez-vous an den Impfzenter ginn, mussen op d'mannst 30 Minutte virun der Schléissung kommen.

Nei: Schléissung Méindes an Ännerung vun den Ëffnungszäiten

Ab dem 28. Februar (inclus), sinn déi 3 Impfzenteren an d'Pop Up Impfstatiounen an de Akafszenteren an op der Stater Gare Méindes zou.

Opgrond vum Start vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022, mécht den Impfzenter Esch-Belval de 26. Februar 2022 schonn um 12 Auer zou (aplaz 13 Auer).

D'Ëffnungszäite vun allen Impfplaze fannt dir op www.covidvaccination.lu.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert