Start vun der Aktioun "#Lëtzebuergtestsech": Geimpft oder net, de COVID-19-Test bleift noutwendeg

Fir d'Entwécklung vun den Neiinfektiounen am Land besser evaluéieren ze kënnen, organiséiert d'Lëtzebuerger Regierung vum 13. bis den 19. Dezember d'Aktioun #Lëtzebuergtestsech.

An deem Kontext krut all Stot zu Lëtzebuerg an der Woch vum 6. bis den 12. Dezember eng Invitatioun per Post geschéckt, fir an enger vun den 98 Apdikte vum Land ee Kit mat 5 Antigène-Schnelltester ofzehuelen.

D'Verdeelung vun deene Kitten erlaabt et der gesamter Bevëlkerung sech zesummen un 2 Deeg am Laf vun dëser Woch selwer ze testen (mat engem Zäitraum vun 3 bis 4 Deeg tëschent deenen 2 Tester):

  • Den éischten Test fënnt en Dënschdeg, 14. Dezember statt
  • Den zweeten Test fënnt e Freideg, 17. Dezember statt

(Dës Aktioun riicht sech net un den Enseignement. D'Schüler an d'Personal gi weiderhin 3 Mol d'Woch an der Schoul getest.)

"Mat dëser Aktioun, bäi där grouss ugeluechten Tester duerchgefouert ginn, kréie mir eng Momentopnam vun der aktueller sanitärer Situatioun am Land, a kënne positiv Fäll esou schnell wéi méiglech isoléieren", erkläert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Duerch eng héich Participatioun vun der Bevëlkerung ass et méiglech d'Unzuel un Neiinfektioune virun de Feierdeeg an dem Zesummekomme vu Familljen drastesch ze reduzéieren, an esou méi restriktiv Mesuren z'evitéieren, wéi et beispillsweis an anere Länner de Fall ass (Zoumaache vu Restauranten oder en neie Lockdown).

Mam aktuelle Positivitéitstaux vun de PCR-Tester, dee bei 8-10% läit, wier et duerch eng héich Participatioun vun der Bevëlkerung méiglech, d'Neiinfektiounen ëm 50% ze reduzéieren, an esou déi aktuell Well ze briechen.

Wéi kann ech bei der Aktioun #Lëtzebuergtestsech matmaachen?

  • Gitt mat ärem Bréif äre Kit mat den Antigène-Schnelltester an eng Apdikt sichen.
  • (Alternativ kënnen och aner Antigène-Selbsttester benotzt ginn.)
  • Test Iech, an der Woch vum 13. bis den 19. Dezember, entweder de 14. a 17. Dezember (Datumer vun der Regierung fir déi gemeinsame Testaktioun) oder op 2 aner Deeg vun Ärem Choix (mat engem Ofstand vun 3 bis 4 Deeg tëschent deenen 2 Tester).

Deelt Är Participatioun, mat oder ouni Foto, op de soziale Medie mam Hashtag #Lëtzebuergtestsech an/oder andeems Dir @sante.lu an all Är Kontakter "taggt".

Ass Ären Test positiv? Mellt dat wgl. ouni ze waarden um Site covidtracing.public.lu, fir dass déi kompetent Autoritéiten Iech kontaktéiere kënnen an d'Pandemie besser kontrolléiert ka ginn.

Bei engem positive Resultat, befollegt och wgl. d'Recommandatioune vun dësem Video.

Déi gemellte positiv Resultater ginn all gezielt an déi entspriechend Statistike ginn no der Testwoch verëffentlecht.

Live Q&A- a gemeinsam Test-Sessiounen op Facebook

Am Kader vun dëser Testwoch, organiséiert de Gesondheetsministère 3 Live-Sessiounen op senger Facebook Säit:

  • Live Testing-Sessioun vum 14. Dezember 2021, vun 12:00 bis 12:30 Auer
    • Thema: #Lëtzebuergtestsech
    • Mam Dr. Dentzer, Virolog vun der Gesondheetsdirektioun a mam Dr. Schmit, Direkter vun der Santé: https://fb.me/e/14FI7NsoN
  • Live Q&A (wëchentlech) vum 16. Dezember 2021, vu 17:00 bis 18:00 Auer
    • Thema: Froen un d'Santé - Lëtzebuerg test sech
    • Mam Dr. Dentzer, Virolog vun Gesondheetsdirektioun a mam Prof. Dr. Mühlschlegel, Direkter vum LNS.
  • Live Testing-Sessioun vum 17. Dezember 2021, vun 12:00 bis 12:30 Auer
    • Thema: #Lëtzebuergtestsech
    • Mam Dr. Dentzer, Virolog vun der Gesondheetsdirektioun a mam Dr. Schmit, Direkter vun der Santé

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert