Impfung géint COVID-19 vu vulnerabele Kanner ab dem 14. Dezember

Wéi am Regierungsrot vum 10. Dezember decidéiert, an op Basis vum Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 29. November, kënne vulnerabel Kanner tëschent 5 an 11 Joer, a Kanner am reegelméissege Kontakt mat vulnerabele Persounen, sech fräiwëlleg impfe loossen. Déi entspriechend Vulnerabilitéite fir Kanner kënne consultéiert ginn (op Franséisch). 

Dee recommandéierten Impf-Schema besteet aus 2 Dosissen am Ofstand vu 4 Wochen (28 Deeg). Kanner, déi hiren 12. Gebuertsdag virun hirer 2. Dosis feieren, kënnen dee selwechten Impfstoff wéi Erwuessener (BioNTech/Pfizer) kréien.

Et sief drop higewisen, dass déi Dosis, déi fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer virgesinn ass, méi schwaach ass (mat engem adaptéierten Doséierungsschema vun 10 µg) wéi déi, déi fir Kanner iwwer 12 Joer recommandéiert ass. D'Kanner kréien entspriechend 1/3 vun der Dosis.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi vulnerabel Kanner a Kanner a reegelméissegem Kontakt mat vulnerabele Persounen, esou wéi an der Definitioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses festgehalen, kënnen iwwert hiren Hausdokter oder Pediater ab dem 14. Dezember ageschriwwe ginn, a kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt. Et kann een och direkt bei engem vun den Dokteren, déi bei der Impfung matmaachen, geimpft ginn.

Spéider Ëffnung vun der Impfung fir all Kanner tëschent 5 an 11 Joer

An enger 2. Phas gëtt d'Impfung fir all Kanner tëschent 5 an 11 Joer opgemaach, dat no der Verëffentlechung vun enger Etüd iwwert d'Erfarunge vun der Impfung vu Kanner an den USA.

D'Regierung deelt d'Modalitéite mat, soubal d'Resultater vun der Etüd disponibel sinn.

 

Communiqué vum Staatsministère, Gesondheetsministère a Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

 

Aktualiséiert