Temporär Reouverture vun engem 4. Impfzenter am Hangar vu Luxembourg Air Rescue (LAR) um Findel

Am Kontext vun enger grousser Impfstoffliwwerung, déi fir d'nächst Woch erwaart gëtt, a fir all de Persounen, déi fir e COVID-19 Impf-Rappel ("Booster" oder "3. Dosis") eligibel sinn, eng weider Impf-Méiglechkeet ze bidden, schafft d'Regierung den Ament un der temporärer Reouverture vun engem 4. Impfzenter.

Den Impfzenter déngt ausschliisslech fir Impf-Rappeller, déi op Rendez-vous gemaach ginn. Weider Informatiounen zum Erëffnungsdatum, zu de Modalitéite fir e Rendez-vous ze huelen an zu den Ëffnungszäite vum Impfzenter gi kommunizéiert, soubal d'Impfstoffer hei am Land ukomm sinn. Dëst gëtt fir Mëtt nächst Woch erwaart.

Communiqué vum Staatsministère, dem Gesondheetsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet

Aktualiséiert